arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU weist sech preparéiert op méiglech Taxenerhéijungen

Handelssträit mat den USA

|
headphones

2 min

D'EU weist sech preparéiert op méiglech Taxenerhéijungen

Den US-President Donald Trump huet an engem Bréif un d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen annoncéiert, datt hie vum 1. August un d'Douanestaxen op importéiert Wueren aus der EU op 30 Prozent wëllt fixéieren. Dat trotz Verhandlungen tëscht béide Partner. D'Kritik vun der EU koum direkt.

headphones

2 min

© European Union
(Foto: European Union)

D’Annonce vum Donald Trump iwwer d’Douanestaxen-Erhéijung gouf iwwer seng Social-Media-Plattform TRUTH Social annoncéiert, an d’Reaktioun vun der EU-Kommissiounspresidentin huet net laang op sech waarde gelooss. 

Géigemoossname si méiglech

D’Ursula von der Leyen kritiséiert déi Moossnam. An engems preziséiert si, datt d’EU nach ëmmer wëlles hätt, een Handelsaccord mat den USA ze fannen.

Déi Taxenerhéijung géif d’Liwwerketten duercherneegeheien, wat souwuel den Entreprisen, ewéi och de Konsumenten a Patienten op béide Säite géif schueden, schreift d’Ursula von der Leyen. Si betount och, datt am Fall wou d’Taxen effektiv géifen erhéicht ginn, ee bereet wier, Géigemoossnamen ze ergräifen.

Et ass net déi éischte Kéier, datt den Donald Trump mat enger drastescher Erhéijung vun den Douanestaxen dreet. Dorop ass d’EU och virbereet. Et goufe schonn am Virfeld Lëschten opgestallt mat US-Wueren, déi an e puer Phase méi héich kéinten taxéiert ginn.

D'EU steet net eleng do

An sengem Bréif un d’EU-Kommissioun dreet den US-President awer och mat nach méi héijen Douanestariffer, sollten d’US-Importer am Géigenzuch och taxéiert ginn.

D’EU ass awer net eleng betraff: Dës Woch ass d’Annonce gefall, datt d’USA vum August u 35 Prozent un Taxen op Importer aus Kanada géifen erhiewen. A grad ewéi der EU gouf och Mexiko mat enger Hausse gedreet.

Déi amerikanesch Bourssen hunn Enn der Woch Verloschter gemaach, well net kloer war, wéi den US-President géif handelen.