Haut um Méindeg kuckt alles op déi amerikanesch Haaptstad Washington: Den Owend géint 19 Auer eiser Zäit gesinn sech am Wäissen Haus den US-amerikanesche President Donald Trump an den ukrainesche Staatschef Wolodymyr Selenskyj.
EU-Leadere mat zu Washington present
Mat zu Washington derbäi sinn och verschidden europäesch Leaderen, dorënner d’Cheffin vun der Europäescher Kommissioun Ursula von der Leyen, den däitsche Kanzler Friedrich Merz, de franséische President Emmanuel Macron an de brittesche Premier Keir Starmer. Och den NATO-Generalsekretär Mark Rutte hëlt deel un de Gespréicher.
Den US-amerikanesche President huet wëlles, de Wolodymyr Selenskyj an de Wladimir Putin un een Dësch ze bréngen. D'Reuniounen haut kéinten do eng decisiv Tëschenetapp sinn.
Trump: Selenskyj kann de Krich op en Enn bréngen
Mee am Virfeld setzt den Donald Trump den ukrainesche President nach nach eng Kéier esou richteg ënner Drock: Op senger Plattform "Truth Social" schreift den US-amerikanesche President: Et wier de Selenskyj, deen de Krich direkt op en Enn brénge kéint, wann hien dat wielt.
Den Donald Trump mécht och kloer, datt hien et fir onrealistesch hält, datt d’Krim nees ukrainesch gëtt. D’Hallefinsel am Schwaarze Mier war jo 2014 vu Russland annektéiert ginn.
Selenskyj: D’Ukrain brauch Sécherheetsgarantien, déi funktionéieren
Dem Wolodymyr Selenskyi seng Äntwert huet net op sech waarde gelooss. D’Krim hätt ni dierften opgi ginn, esou den ukrainesche President um Méindegmoie fréi op der Plattform X.
I have already arrived in Washington, tomorrow I am meeting with President Trump. Tomorrow we are also speaking with European leaders. I am grateful to @POTUS for the invitation. We all share a strong desire to end this war quickly and reliably. And peace must be lasting. Not…
— Volodymyr Zelenskyy / Володимир Зеленський (@ZelenskyyUa) August 18, 2025
Dora seet hien dem Donald Trump merci fir d’Invitatioun, a sträicht och ervir, datt hie mam US-amerikanesche President de staarke Wonsch deelt, de Krich séier op en Enn bréngen.
Ee Fridden awer misst undaueren, net ewéi viru Joren, wéi Russland Sécherheetsgarantië ginn huet, déi net funktionéiert hunn. D’Ukrainer géife fir d’Onofhängegkeet vun hirem Land kämpfen. Russland misst dee Krich op en Enn bréngen, deen et selwer ugefaangen huet, esou de Selenskyj. Hie géing hoffen, datt déi gëeente Force vun Amerika an Europa Russland zu engem richtege Fridde forcéiere géif.
Emmanuel Macron: Putin wëllt ukrainesch Kapitulatioun
Virdrun hat de franséische President och schonn an déi Richtung geäussert: Hie wier iwwerzeegt, datt de russesche President eng Kapitulatioun vun der Ukrain ustrieft, esou den Emmanuel Macron.
D’Europäer wieren zu Washington mat derbäi, fir hir Fuerderunge fir ee robuste Fridden ze ënnersträichen, an och, datt doriwwer just mat der Ukrain selwer dierf verhandelt ginn. Dat nämmlecht haten d’europäesch Leadere betount, déi sech gëschter um Sonndeg ob enger Videokonferenz kuerzgeschloss haten, dorënner och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden.