arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Donald Trump schwätzt vun neie méigleche Sanktioune géint Moskau

No massive russeschen Attacken

|
headphones

1 min

Den Donald Trump schwätzt vun neie méigleche Sanktioune géint Moskau

No de massive russeschen Attacken op d'Ukrain um Weekend reesen e puer europäesch Leaderen haut oder muer an d'USA, fir nach emol mam Donald Trump iwwer en Enn vum russeschen Agressiounskrich géint d'Ukrain ze schwätzen.

headphones

1 min

© EPA/SAMUEL CORUM / POOL
(Foto: EPA/SAMUEL CORUM / POOL)

Den Donald Trump sot am Virfeld net, wéi eng europäesch Staats- oder Regierungscheffen an d'USA kommen.

Hie géif geschwënn och nees mam russesche President Wladimir Putin schwätzen, esou nach den US-President. Hie wier net zefridde mat der Situatioun an elo bereet, nei Sanktioune géint Moskau anzeféieren. Dat huet den Donald Trump rezent e puermol gesot, ouni awer bis elo eng Decisioun ze huelen.

Russland hat an der Nuecht vu samschdes op sonndes eng Rekordzuel vun 800 Dronen a Rakéiten op d'Ukrain geschoss. Op d'mannst 5 Leit koumen dobäi ëm d'Liewen. Fir d'éischte Kéier gouf och de Sëtz vun der ukrainescher Regierung zu Kiew getraff.