arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Donald Trump knäppt méi streng Sanktioune géint Russland u Konditiounen

Krich an der Ukrain

|
headphones

1 min

Den Donald Trump knäppt méi streng Sanktioune géint Russland u Konditiounen

Den Donald Trump sot, hie wier bereet, streng Sanktioune géint Russland ze verhänken, awer nëmmen ënner verschiddene Konditiounen: An zwar wann d‘NATO-Memberlänner géifen ophalen, Pëtrol aus Russland ze kafen, a wa se héich Taxen op chineesesch Produite géifen erhiewen.

headphones

1 min

Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Aaron Schwartz - Pool via CNP
Donald Trump (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Aaron Schwartz - Pool via CNP)

D'EU huet zwar den Import vu russeschem Pëtrol gréisstendeels verbueden, fir Ungarn an d‘Slowakei ginn et awer Ausnamen. 

Den Donald Trump huet schonn e puer Mol Moskau mat Sanktioune gedreet, déi Droungen awer nach net ëmgesat.