Putin, Selenskyj an Trump kéinte sech an Ungarn treffen
Et ginn Indicen, datt e méiglechen Ukrain-Sommet zu dräi – also mat Putin, Selenskyj an Trump - zu Budapest an Ungarn kéint sinn. Den US-amerikanesche Geheimdéngscht, dee fir d‘Sécherheet vum US-President zoustänneg ass, wier schonn am gaangen, dat Treffe virzebereeden, esou de Website Politico.
Virun deem 3er-Treffe soll awer nach fir d'éischt e bilateral Gespréich tëschent dem russeschen an dem ukrainesche Presidente sinn. Ob dat Gespréich zustane wäert kommen ass nach ëmmer net sécher.
D‘Wäisst Haus huet gemellt, datt de Wladimir Putin enger Renconter mat sengem ukraineschen Homolog Wolodymyr Selenskyj zougestëmmt hätt. Vu Moskau koum awer bis elo nach keng Confirmatioun.