Philip Crowther (London)
Um fréien Donneschdegowend ass d’Staatsvisitt vum US-President Donald Trump a Groussbritannien op en Enn komm. Politesch Desaccorde gëtt et der vill tëschent dem republikanesche President an dem Labour-Premier. Mee bei enger Staatsvisitt kann een dat net en public weisen, a souwisou soen den Donald Trump an de Keir Starmer ëmmer nees, datt si sech respektéieren.
Gaza als Sträitpunkt
Och de Kinnek Charles an den Trump schéngen eens ze ginn. Dat hunn op d'mannst d’Biller vun der Staatsvisitt am Schlass Windsor gewisen.
Den Donald Trump seet, datt ee vun de wéinegen Desaccorde Gaza ass. Hie sot haut nees, datt fir d’éischt all Geisele vun der Hamas musse befreit ginn, soss mécht hie keen Drock op den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu.
Donald Trump enttäuscht vum Putin
Och de brittesche Plang, nächst Woch zesummen och mat Lëtzebuerg, Palästina offiziell als Staat unzeerkennen, ass net beléift am Wäissen Haus. Och wëllt Groussbritannien, datt den Trump méi Drock op de russesche President Wladimir Putin mécht, fir eng Wafferou an der Ukrain.
“Hien huet mech enttäuscht. Hien huet mech wierklech enttäuscht. Ech hunn d’Éier Iech ze soen, datt mir siwe Kricher geléist hunn. Kricher, déi een net konnt stoppen, déi keng Léisung haten. De Krich, dee menger Meenung no am einfachste war, dat war wéinst menger Bezéiung mam President Putin, mee hien huet mech enttäuscht. Ech hat geduecht, datt Russland an d’Ukrain am einfachste wier."
Investissementer an de britteschen Tech-Secteur
Wärend zwee Deeg a Groussbritannie gouf déi sougenannt “special relationship” tëschent den zwee Länner ëmmer nees ervirgeruff. Investissementer vun amerikanesche Firmaen an de britteschen Tech-Secteur sinn ee konkret Resultat vun dëser Staatsvisitt.
D’Pressekonferenz hätt vill méi komplizéiert kënne si fir béid Männer, mee vun amerikanescher Säit huet den Donald Trump just Froe vu Journaliste kritt, déi hien ënnerstëtzen, a keng substantiell Froe stellen.