arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israeelesch Arméi: D’Wafferou huet ugefaangen

Gazasträif

|
headphones

1 min

Israeelesch Arméi: D’Wafferou huet ugefaangen

An der Gazasträif ass d’Wafferou tëschent Israel an der Hamas am spéide Freidegmoien eiser Zäit a Kraaft getrueden, esou ee Spriecher vum israeelesche Militär. Déi israeelesch Truppen hätte sech wéi ofgemaach zeréckgezunn.

headphones

1 min

© EPA/MOHAMMED SABER
(Foto: EPA/MOHAMMED SABER)

Mam Ufank vun der Wafferou huet een Zäitraum vun 72 Stonnen ugefaangen, bis d’Geiselen, déi nach liewen, solle fräi gelooss ginn.

An der Gazasträif sollen nach 48 Geisele sinn: 20 vun hinne sollen nach liewen.

D’Regierung an Israel hat an der Nuecht op ee Freideg fir den US-Friddensplang gestëmmt.