An den Ae vum US-President wier dëst en historesche Moment fir en neien Noen Osten: De Waffestëllstand fir d’Gazasträif wier och en ongleeflechen Triumph fir Israel an d’Welt. Et dierft kee 7. Oktober méi ginn, esou den Donald Trump, fir deen de laangen Albdram fir Israeelien a Palästinenser och kéint op en Enn kommen.
Och d'Hamas riicht sech un den Trump
No iwwer zwee Joer an den Hänn vun der radikaler Palästinenserorganisatioun Hamas sinn um Méindegmoien 20 lieweg israeelesch Geisele vun der Terrorattack vu virun zwee Joer fräigelooss ginn an an hir Heemecht zeréckkomm. Am Géigenzuch sinn eng 2.000 Palästinenser aus israeelesche Prisongen erauskomm.
Fir den US-President Donald Trump, deen an d’Kriseregioun gereest ass, gouf et kuerz viru Mëtteg “standing ovations” an der Knesset zu Jerusalem, dem israeelesche Parlament. Den Donald Trump ass iwwerdeems och vun der Hamas dozou opgeruff ginn, dofir ze suergen, datt Israel net erëm mam Krich an der Gazasträif ufänkt.
D'Blécker sinn elo a Richtung Ukrain geriicht
Nom Krich an der Gazasträif erhoffe sech westlech Politiker vum Donald Trump, datt hien och de Krich an der Ukrain kann op en Enn bréngen. Den däitsche Kanzler Friedrich Merz sot um Bord vum Sommet zu Scharm El-Scheich an Ägypten, wou de Friddensaccord fir den Noen Oste soll ënnerschriwwe ginn, hie géif den US-President dozou invitéieren.
An och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet zu Kiew erkläert, datt dat Hoffnung géif maache fir e Fridde fir d’Ukrain.