arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virun UNO-Vollversammlung: USA refuséiere Visa vum Mahmoud Abbas

Palästinensesch Delegatioun

|
headphones

1 min

Virun UNO-Vollversammlung: USA refuséiere Visa vum Mahmoud Abbas

An e puer Wochen ass zu New York d’UNO-Vollversammlung. D’USA hunn awer elo de Palästinenserpresident Mahmoud Abbas sanktionéiert an him de Visa fir d’Arees refuséiert. Betraff ass nieft dem Mahmoud Abbas eng ganz Delegatioun vun 80 palästinensesche Vertrieder.

headphones

1 min

De palästinensesche President Mahmoud Abbas | © picture alliance / photothek | Janine Schmitz
De palästinensesche President Mahmoud Abbas (Foto: picture alliance / photothek | Janine Schmitz)

E Besuch vum Mahmoud Abbas an den USA ass domadder äusserst onwarscheinlech. Wärend der UNO-Vollversammlung wëllen eng Rei Länner de palästinensesche Staat unerkennen. D’USA sinn dergéint.

De franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot huet d’Decisioun vun den USA schaarf kritiséiert. Et dierft keng Zougangksbeschränkung gi fir de Sëtz vun der UNO. Et misst eng Plaz si vun der Neutralitéit, ee Schutzraum am Déngscht vum Fridden.

Frankräich wëllt sech op der UNO-Vollversammlung am September fir d’Unerkennung vun engem palästinensesche Staat engagéieren.

Och de lëtzebuergeschen Ausseminister Xavier Bettel huet dës Moossnam schaarf kritiséiert. "Mir kënnen net als Geiselen traitéiert ginn." Hie proposéiert d’Organisatioun vun enger spezieller Sessioun vun der UNO-Generalversammlung zu Genf, fir d’Presenz vun de Palästinenser ze garantéieren.

Et misst een zesummen diskutéiere kënnen. Et wier inakzeptabel d’Palästinenser bei de Diskussiounen auszeschléissen, betount de Xavier Bettel um Bord vun engem Ausseminister-Conseil zu Kopenhagen.

Um Ordre du jour stinn d’Konflikter an der Ukrain grad ewéi an der Gazasträif.