arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och Groussbritannie wëllt Palästina als Staat unerkennen

International

|
headphones

1 min

Och Groussbritannie wëllt Palästina als Staat unerkennen

Groussbritannie steet kuerz virdrun, Palästina offiziell als Staat unzeerkennen. Wéi d’Zeitung "The Times" schreift, wéilt déi brittesch Regierung déi formal Decisioun schonn dëse Weekend huelen.

headphones

1 min

©  EPA/NEIL HALL / POOL
(Foto: EPA/NEIL HALL / POOL)

Dëst wier nach virun der UNO-Generalversammlung, déi nächst Woch ass, an direkt nom Ofschloss vum US-President Donald Trump senger Statsvisitt zu London.

D’USA sinn ee vun de wichtegsten Alliéierte vun Israel a stellen sech – genee wéi Däitschland – géint d’Unerkennung vun engem palästinensesche Staat.

Wéi d’Times schreift, hätt de brittesche Premier Keir Starmer dës Pläng wéinst der Visitt vum Donald Trump réischt de Weekend wëllen annoncéieren. Hie wéilt domat evitéieren, datt d’Theema déi gemeinsam Pressekonferenz um Donneschdegmëtteg géif dominéieren.