arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brittesch Unerkennung vu Palästina als Staat imminent

Virun UN-Vollverammlung

|
headphones

1 min

Brittesch Unerkennung vu Palästina als Staat imminent

Et gëtt erwaart, datt Groussbritannien haut um Sonndeg als éischt Land vum G7 Palästina als Staat wäert unerkennen. D’BBC schreift, datt déi Decisioun vum Premier Keir Starmer imminent wier.

headphones

1 min

© EPA/NEIL HALL / POOL
(Foto: EPA/NEIL HALL / POOL)

An och Portugal soll déi Unerkennung haut um Sonndeg maachen, ier da vu muer u weider Länner wäerten nozéien, dat am Kontext vun der UN-Vollversammlung zu New York.