arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trump an Netanjahu proposéiere Friddensplang

Krich an der Gazasträif

|
headphones

2 min

Trump an Netanjahu proposéiere Friddensplang

Den US-President Donald Trump an den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu goufe sech iwwer en neie Friddensplang fir Gaza eens. Den Trump an den Netanjahu hunn d'Hamas gewarnt, si misst dee Plang elo akzeptéieren, soss géif Israel seng Militäroperatioun bis zum Enn weiderféieren.

headphones

2 min

© EPA/JIM LO SCALZO / POOL
(Foto: EPA/JIM LO SCALZO / POOL)

Den US-Friddensplang vun 20 Punkte proposéiert en direkte Stopp vun de Militäroperatiounen. Bannen 72 Stonne soll d'Hamas dann déi 20 israeelesch Geiselen, déi nach liewen, fräiloossen, grad wéi d‘Läiche vun iwwer 20 Geiselen, vun deenen ugeholl gëtt, datt si dout sinn.

Als Géigeleeschtung géif Israel Honnerte palästinensesch Prisonéier fräiloossen. Wa béid Säiten de Plang akzeptéieren, géif déi humanitär Hëllef direkt an integral nees an d'Gazasträif geliwwert ginn. 

Aus Kreesser vun der Hamas heescht et, si hätt de Plang kritt a géif e genee analyséieren.

Friddens-Conseil soll en place gesat ginn

Wat déi zukünfteg Gouvernance vu Gaza ugeet, gesäit de Plang eng Iwwergangsléisung vir: En technokrateschen, net-politesche Kommitee soll d'Gazasträif temporär regéieren. Dëse Kommitee soll vun engem internationalen, sougenannte Friddens-Conseil, superviséiert ginn, mam Donald Trump un der Spëtzt.

An dësem Conseil soll ënner anerem de fréiere brittesche Premier Tony Blair sinn.

D‘Hamas soll dem Plang no desarméiert ginn a keng Roll méi an der Gouvernance vun der Gazasträif spillen.

Vill positiv Reaktiounen op den neie Friddensplang

De Luc Frieden géif all Initiativ begréissen, fir een direkte Waffestëllstand, massiv humanitär Hëllef an d’Frälossung vun de Geiselen, esou de Premier an enger schrëftlecher Äntwert op eis Nofro hinn.

Vun europäescher Säit hunn ënner anerem de franséische President Emmanuel Macron an de brittesche Premier Keir Starmer dem Donald Trump Merci gesot a vun enger grousser Chance fir de Fridden am Noen Oste geschwat.

Den EU-Conseilspresident António Costa sot, et sollt een déi Chance elo notzen.

Och vu moslemesche Länner gouf et Luef vun ënner anerem Ägypten, Jordanien, Saudi-Arabien, Katar, an de Vereenegten Arabeschen Emirater. Si wiere bereet, mat den USA an Israel un der Ëmsetzung vum Friddensplang ze schaffen.