Netanjahu nennt Trump de "beschte Frënd", deen Israel jee am Wäissen Haus hat
Datt den US-Ausseminister Marc Rubio haut um Méindeg op Visitt an Israel ass, ass fir den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu e klore Message vun der amerikanescher Ënnerstëtzung fir säi Land.
De Benjamin Netanjahu op Visitt beim Donald Trump (Archiv) (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Shawn Thew - Pool via CNP)
An engems sot den israeelesche Regierungschef, den US-President Donald Trump wier de gréisste Frënd, deen Israel jee am Wäissen Haus gehat hätt.
An den Ae vum Marco Rubio sollt d'Hamas iwwerdeems eliminéiert, an déi israeelesch Geiselen direkt befreit ginn, an et géif eng US-Ënnerstëtzung fir déi israeelesch Ziler an der Gazasträif ginn, un där net ze fréckele wier.