D’Fro, ob och Lëtzebuerg déi Unerkennung soll maachen, fält beim LSAP-Deputéierten an aussepolitesche Spriecher vun der LSAP-Fraktioun däitlech aus.
"Lëtzebuerg soll Palästina unerkennen. Weltwäit hunn dat och schonn eng ronn 150 Staate gemeet vun 192 Staate weltwäit. Also mir gehéieren am Moment zu engem ganz elitäre klenge Club, deen dat nach net gemaach huet."
Zur Zweestaateléisung gehéiert, datt och Palästina international als Staat unerkannt gëtt.
"An dat huet Lëtzebuerg fir Palästina nach ëmmer net gemeet."
Kritik um Ausseminister Xavier Bettel
Den Ausseminister Xavier Bettel (DP) hat gëschter um Donneschdeg eng Rei Konditioune fir eng Lëtzebuerger Unerkennung vu Palästina genannt, dorënner déi, datt déi Responsabel vun der Hamas an den Exil ginn.
Den Yves Cruchten ass net averstane mat all dëse Conditioune fir eng Unerkennung.
“Also selbstverständlech (...) muss een, wann een deen dote Schratt mécht, och iwwer aner Saachen diskutéieren, allerdéngs däerf een d'Hürde fir eng Unerkennung net esou héich setzen, wéi den Här Bettel dat elo mécht.”
Konditioun fir permanente Fridden
Den LSAP-Politiker begréisst d’Initiativ vu Frankräich a vu Saudi-Arabien fir eng Konferenz déi iwwernächst Woch bei der UNO zu New York iwwer d’Fro vun enger Zweestaateléisung am Noen Osten.
“Also et ass ganz kloer, och wa Lëtzebuerg oder Frankräich oder eng Dosen aner Länner zesummen elo muer Palästina unerkennen, da falen iwwermuer awer nach ëmmer Granaten am Gazasträifen erof. Dat wäert net bedeiten, datt et e Waffestëllstand direkt gëtt.”
Et wier awer d'Konditioun, fir en dauerhafte Fridden an där Regioun ze kréien an dat wier ausschlaggebend, ënnersträicht den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten.