arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump fuerdert, datt de Benjamin Netanjahu begnodegt gëtt

Korruptiounsprozess

|
headphones

1 min

Donald Trump fuerdert, datt de Benjamin Netanjahu begnodegt gëtt

Den amerikanesche President Donald Trump wëllt, datt den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu begnodegt gëtt. Dofir huet hie sengem israeeleschen Homolog Isaac Herzog geschriwwen. Zënter Jore scho leeft an Israel e Prozess géint de Benjamin Netanjahu wéinst Korruptioun.

headphones

1 min

© EPA/JIM LO SCALZO / POOL
(Foto: EPA/JIM LO SCALZO / POOL)

En Urteel gouf et nach net. A sengem Bréif schreift den Donald Trump, datt hie géif d‘Onofhängegkeet vun der israeelescher Justiz respektéieren, mee hie wier der Meenung, datt d‘Plainte géint den Netanjahu politesch motivéiert, an net justifiéiert wier. 

Den israeelesche President Herzog huet sech nach net zu der Demande geäussert.