arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fréier Ministerpresidentin vu Bangladesch zum Doud verurteelt

wéinst Onrouen zejoert

|
headphones

1 min

Fréier Ministerpresidentin vu Bangladesch zum Doud verurteelt

Déi fréier Ministerpresidentin vu Bangladesch Sheikh Hasina ass wéinst Verbrieche géint d‘Mënschlechkeet an hirem Land zum Doud verurteelt ginn. Dat huet de Geriichtshaff zu Dhaka decidéiert. D‘Geriicht huet si wéinst Doudesfäll wärend bluddegen Onrouen zejoert verurteelt.

headphones

1 min

Sheikh Hasina | © EPA/MAK REMISSA
Sheikh Hasina (Foto: EPA/MAK REMISSA)

Déi 78 Joer al Hasina war selwer net wärend dem Prozess dobäi. Si war no de Masseprotester, d‘lescht Joer am August, zeréckgetrueden an an d‘Nopeschland Indie geflücht. Bei deene Protester géint hir Regierung waren op d‘mannst 1.400 Mënschen ëm d‘Liewe komm. D‘Sheikh Hasina soll direkt den Uerder ginn hunn, op Demonstranten ze schéissen, esou d‘Geriicht.

An enger éischter Reaktioun seet si, d‘Geriicht hätt eng politesch motivéiert, a keng objektiv Decisioun getraff.