Bis ewell konnt just dschwäizer Bundesgeriicht Decisioune vum TAS, dem Schiedsgeriicht vum CAS, bei Prozedursfeeler kippen. D’Geriicht huet säi Sëtz an der Schwäiz, d’selwecht wéi d’UEFA an d’FIFA. Clibb aus ännere Länner hate bis elo keng Recoursméiglechkeeten. De Marc Theisen, President vun der Escher Jeunesse, begréisst d‘Decisioun vum EuGH a schwätzt vun engem ganz gravéierenden Aschnëtt.
"Mat Sécherheet ass dat do elo keng Nidderlag fir den TAS. Et kann een net soen, elo d' Sportsgeriichtsbarkeet ass elo do mat den Ouere gezu ginn. Nee, dat do ass ganz einfach, géing ech soen, eng Lektioun fir déi international Verbänn, déii an der Vergaangenheet ganz oft der Meenung waren, iwwer eis kënnt keen. Dat ass just eis eege Kichen, wou mir eis Reegele maachen an déi Reegele kënnen net en aneren agräifen."
Zu Lëtzebuerg dierft d‘Urteel vum EuGH awer keng gréisser Auswierkungen hunn, esou de Marc Theisen. Do wiere Parteien an esou Fäll fräiwëlleg virun d’CLAS (Commision luxembourgeoise pour arbitrage sportif) gezunn. Wann do en Accord fonnt gouf, war dee gülteg a wann net, wier et kee Fall vun Arbitrage méi gewiescht, esou nach de Marc Theisen.