arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jair Bolsonaro wéinst Putsch verurteelt

Ex-President vu Brasilien

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Jair Bolsonaro wéinst Putsch verurteelt

A Brasilien ass de fréiere President Jair Bolsonaro schëlleg geschwat ginn, well hien no Usiicht vum ieweschte Geriicht  un engem probéierte Putsch bedeelegt war. De 70 Joer ale Jair Bolsonaro gouf zu 27 Joer an dräi Méint Prisong verurteelt.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / NurPhoto | Ton Molina
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Ton Molina)

Den Jair Bolsonaro ass den éischten Ex-President an der brasilianescher Geschicht dee fir e Putschversuch verurteelt ginn ass. 

Véier vu fënnef Riichter hunn sech um Enn fir eng Verurteelung vum Jair Bolsonaro  ausgeschwat. Dat gouf an enger Live Emissioun op der brasilianescher Telé gewisen. Dem Jair Bolsonaro war virgeheit ginn, datt hien no senger Néierlag bei de Walen 2022 zesumme mat verschiddene Leit aus der Arméi an aneren Alliéierte versicht hat den neie President Lula da Silva ze stierzen. Zil wier et gewiescht en  "Ausnamezoustand" erbäizeféieren an Neiwalen duerchzesetzen.

De Parquet an déi véier Riichter waren iwwerzeegt, datt de fréiere brasilianesche President indirekt dru bedeelegt war, wéi Unhänger vun him kuerz nom Amtsuntrëtt vu sengem Nofollger Lula da Silva, de brasilianesche Kongress, d'Iewescht Geriicht an de Presidentepalais an der Haaptstad Brasilia gestiermt hunn. Donieft soll de Jair Bolsonaro och vu geplangte Mordversich op den neie President Lula, de Vizepresident an de Riichter Alexandre de Moraes gewosst hunn.

Kritk un engem vun den zoustännege Riichter

Genee dëse Riichter war elo och ieweschte Riichter am Prozess géint den Ex-President Bolsonaro. Dem seng Affekote schwätzen dofir vun engem "politesche Prozess" an dem hire Mandant keng fair Chance gehat hätt an hunn annoncéiert Recours géint d'Decisioun vum ieweschte brasilianesche Geriicht wëllen ze maachen. Si argumentéiere weider, datt et keng kloer Beweiser géife ginn, datt de Jair Bolsonaro un engem probéierte Putsch bedeelegt gewiescht soll sinn. Experten no, ass et awer éischter onwarscheinlech, datt et zu gréisseren Ännerungen um Urteel kënnt.

Éischt Reaktiounen

A Brasilie selwer huet d'Annonce vum Urteel zu gemëschte Reaktioune geféiert. Wärend d'Unhänger vum Bolsonaro vun engem politesch motivéierten Urteel ausginn, gesinn anerer heiran d’Stäerkt vun de brasilianeschen Institutiounen. Experten no kéint et dofir an den nächste Woche vereenzelt zu Protester kommen. Gréisser Ausschreidunge wieren awer éischter onwarscheinlech.

Och aus den USA koum eng Reaktioun op d'Urteel. Nodeems d'USA an den Donald Trump an de leschte Méint schonn Drock op de Prozess gemaach haten, huet den amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio annoncéiert, datt d'USA mat Konsequenz wäerte reagéieren.

play_arrow Lauschteren