arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neien iranesche Leader fuerdert Revanche fir Krichsaffer

Krich am Noen Osten

|
headphones

1 min

Neien iranesche Leader fuerdert Revanche fir Krichsaffer

Am Iran verlaangt den neie Reliounsleader a Staatschef Modschtaba Chamenei a enger éischter Deklaratioun Revanche fir d’Affer duerch d’Attacke vun den USA a vun Israel.

headphones

1 min

© EPA/ABEDIN TAHERKENAREH
(Foto: EPA/ABEDIN TAHERKENAREH)

De 56 Joer ale Kleriker Modschtaba Chamenei huet d’Noutwennegkeet fir d'Revanche betount, besonnesch fir d’Schülerinnen, déi bei enger Loftattack ëm d’Liewe komm waren. 

Esou heescht et an enger Deklaratioun vum Chamenei, déi op der staatlecher Televisioun am Iran verlies gouf.

Modschtaba Chamenei: d’Strooss vun Hormus soll viru blockéiert bleiwen

Den neie Reliounsleader a Staatschef Modschtaba Chamenei huet a senger éischter Deklaratioun och gefuerdert, datt den Iran sech misst verdeedegen an d’Land misst zesummenhalen. “Och muss weiderhin den Hiewel vum Blockéiere vun der Stross vun Hormus genotzt ginn”, huet et dora geheescht.

Vun de Golfstaaten huet de Chamenei verlaangt, datt si US-Base sollen zoumaachen.