Am US-amerikanesche Verdeedegungsministère hätt een deemno gemierkt, datt d‘Finanzreserven opgebraucht wieren. Dowéinst missten aner Militäroperatiounen an Traininge reduzéiert ginn.
Am Mee hat de Pentagon d'Käschte vum Krich am Iran nach op eng 29 Milliarden Dollar geschat, mee d'Oppositioun hat dës Zomm staark contestéiert an erkläert, dat wier ënnerschat.