arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'USA hunn den Iran eegenen Aussoen no weider attackéiert - Iran reagéiert

Krich am Noen Osten

|
reading time

1 min

D'USA hunn den Iran eegenen Aussoen no weider attackéiert - Iran reagéiert

Jordanie mellt, datt Teheran Jordanie mat fënnef Missilen viséiert huet, déi Missilen awer ofgefaang gi wieren. Washington seet, déi Ugrëff op den Iran wiere mëttlerweil ofgeschloss. Et wier eng Reaktioun op iranesch Attacken op US-Ziler am Noen Osten.

reading time

1 min

© EPA/ABEDIN TAHERKENAREH
(Foto: EPA/ABEDIN TAHERKENAREH)

Iranesch Medien hunn Explosiounen op verschiddene Plazen am Iran confirméiert.

Obwuel den Iran an d‘USA offiziell e Waffestëllstand ofgemaach hunn an nach ëmmer iwwer d‘Detailer fir en Enn vum Krich am Iran an am Noen Oste verhandelen, ginn et an de leschte Wochen ëmmer nees béidsäiteg Ugrëff.