arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Videokonferenz: Europäer an Trump gesi sech op enger Linn

Am Virfeld vum Alaska-Treffen

|
headphones

1 min

No Videokonferenz: Europäer an Trump gesi sech op enger Linn

D‘Europäer an den US-amerikanesche President Trump wieren op der selwechter Linn a wéilte virun allem eent: De Krich an der Ukrain stoppen. Dat ass déi grouss Conclusioun no der Videokonferenz um Mëttwochmëtteg tëschent den europäesche Staats- a Regierungscheffen an dem Donald Trump.

headphones

1 min

De Wolodymyr Selenskyj an de Friedrich Merz kuerz virun der Videokonferenz. | © EPA/JOHN MACDOUGALL / POOL
De Wolodymyr Selenskyj an de Friedrich Merz kuerz virun der Videokonferenz. (Foto: EPA/JOHN MACDOUGALL / POOL)

Zil war et, eng gemeinsam Linn mam US-President ze fannen, ier dee sech e Freideg mam russesche President Wladimir Putin an Alaska trëfft. An dat Gespréich wier exzellent gewiescht, sot den NATO-Chef Mark Rutte. 

Et wäert net iwwer territorial Froen am Ukrainkrich verhandelt ginn, ouni d‘Ukrain. Dat sot de franséische President Emmanuel Macron no der Videokonferenz. Wat d‘USA wéilte, wier eng Wafferou.

Selenskyj erwaart sech eng direkt Wafferou

Och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj war um Mëttwochmëtteg bäigeschalt bei der Videokonferenz mat Washington. Hie sot, datt hie sech vun der Renconter an Alaska, e Freideg, en direkte Waffestëllstand erwaart. A wann de russesche President kee Waffestëllstand géif akzeptéieren, da misste Sanktiounen en place gesat ginn.

De Selenskyj hofft och, Sécherheetsgarantië fir säi Land ze kréien. Ausserdeem dierft Russland kee Veeto-Recht bei engem NATO-Bäitrëtt vun der Ukrain kréien.