arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Koalitioun vun de Wëllegen diskutéiert Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain

Treffen zu Paräis

|
headphones

1 min

D'Koalitioun vun de Wëllegen diskutéiert Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain

D'Länner vun der sougenannter Koalitioun vun de Wëllege kommen um Donneschdegmoien zu Paräis zesumme fir iwwer Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain no engem Waffestëllstand ze beroden. De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden ass iwwer Video do derbäi, krute mir op Nofro hi confirméiert.

headphones

1 min

© EPA/TERESA SUAREZ / POOL
(Foto: EPA/TERESA SUAREZ / POOL)

Déi ronn 30 gréisstendeels europäesch Länner sollen d'Konzept fir Sécherheetsgarantië weider konkretiséieren, heescht et aus dem Elysée. D'Sëtzung gëtt vum franséische President Emmanuel Macron an dem brittesche Premier Keir Starmer kopresidéiert.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass och derbäi. Hie koum gëschter Owend zu Paräis un a sot: Hie géif weider keng Zeeche vu Russland gesinn, de Krich op en Enn wëllen ze bréngen.

Verschidden europäesch Länner hu sech bereet erkläert, als Sécherheetsgarantie no engem Waffestëllstand Truppen an d'Ukrain ze schécken. Fir Russland wier dat inakzeptabel, huet d'Spriecherin vum Ausseministère zu Moskau betount.