arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Selenskyj: All Decisioun, déi ouni d'Ukrain geholl gëtt, wier géint de Fridden

Entrevue Trump-Putin

|
headphones

1 min

Selenskyj: All Decisioun, déi ouni d'Ukrain geholl gëtt, wier géint de Fridden

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj stellt seng Fuerderungen am Virfeld vun der geplangter Reunioun e Freideg tëschent dem Donald Trump an dem Wladimir Putin an Alaska. 

headphones

1 min

© European Council
(Foto: European Council)

All Decisioun, déi ouni d‘Ukrain an domat géint si géif geholl ginn, wier eng Decisioun géint de Fridden. Dat huet de Selensky iwwer déi sozial Medie kloer gestallt.

D'Europäer maachen eng eege Propos am Konflikt tëschent der Ukrain a Russland: An enger gemeinsamer Deklaratioun vu Frankräich, Italien, Däitschland, Polen, Groussbritannien, Finnland an der EU-Kommissioun heescht et, Europa géif weiderhin hanner dem Grondsaz stoen, datt international Grenzen net mat Gewalt dierfte changéiert ginn.

Den aktuelle Frontverlaf an der Ukrain kéint héchstens en Ausgangspunkt fir Verhandlunge sinn.

De britteschen Ausseminister David Lammy huet der Ukrain och nach emol per X e feste Support verséchert: Groussbritannie géif d‘Ukrain weider determinéiert ënnerstëtzen, an un engem gerechten an dauerhafte Fridde schaffen.