arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Selenskyj: Sécherheetsgarantië musse virun engem Treffe mam Putin gekläert sinn

Krich an der Ukrain

|
headphones

1 min

Selenskyj: Sécherheetsgarantië musse virun engem Treffe mam Putin gekläert sinn

Fir den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj wier eng Entrevue mat sengem russeschen Homolog Wladimir Putin méiglech, soubal et en Accord iwwer d’Sécherheetsgarantië fir Kiew gëtt. Esou eng Renconter kéint dem ukrainesche President no an der Schwäiz, an Éisträich oder an der Tierkei sinn.

headphones

1 min

© EPA/OLIVIER HOSLET
(Foto: EPA/OLIVIER HOSLET)

De Wolodymyr Selenskyj huet donieft erkläert, datt d'Russen Truppen an deem vun hinne besate Süde vun der Ukrain accumuléiere géifen.

D'Ukrain hätt da mat Succès eng nei Rakéit getest, déi 3.000 Kilometer wäit fléie kéint. Donieft sot den ukrainesche President, hien hätt sengem US-Homolog Donald Trump un d'Häerz geluecht, beim ungaresche Premier Viktor Orbán ze intervenéieren, fir datt deen domat ophält, en EU-Bäitrëtt vun der Ukrain ze blockéieren.

China iwwerdeems kéint kee Garant fir d'Sécherheet vun der Ukrain sinn.

Dem russeschen Ausseminister Sergei Lawrow no wier en Asaz vun europäeschen Zaldoten an der Ukrain iwwerdeems inakzeptabel. DeMoment sinn Debatten an deem Sënn e bëssen iwwerall um ale Kontinentamgaangen. Donieft huet de Chef vun der russescher Diplomatie gemengt, datt d’Ukrain net un engem gerechten an nohaltege Fridden interesséiert wier.