arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et soll geschwënn zur Entrevue tëschent dem Putin an dem Selenskyj kommen

Donald Trump annoncéiert

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Et soll geschwënn zur Entrevue tëschent dem Putin an dem Selenskyj kommen

Bannent den nächsten zwou Woche soll et zu engem Treffen tëschent dem ukraineschen an dem russesche President kommen. Dat ass d'Resultat vum Treffe gëschter um Méindeg zu Washington tëschent dem Wolodymyr Selenskyj an dem Donald Trump.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/AARON SCHWARTZ / POOL
(Foto: EPA/AARON SCHWARTZ / POOL)

Den US-President Donald Trump huet ugekënnegt, an den nächsten zwou Wochen een Treffen tëschent dem russesche President Wladimir Putin an dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ze preparéieren. Den Donald Trump huet vun engem "ganz gudde fréie Schrëtt" geschwat fir een Enn vum Krich.

Hien hat sech gëschter am Wäissen Haus iwwer 5 Stonne mam Wolodymyr Selenskyj an enger Partie EU-Spëtzepolitiker beroden an huet dertëscht och mam Kreml-Chef telefonéiert.

Wou d'Gespréicher stattfanne sollen, steet nach net fest. Den US-Vizepresident JD Vance, den US-Ausseminister Marco Rubio an den Emissär Steve Wittkoff géife sech ëm d'Preparatioune fir dëst Treffe këmmeren.

Selenskyj: Treffen "ouni Virconditiounen"

No deem Zweeër-Gespréich tëschent dem Wolodymyr Selenskyj an dem Wladimir Putin soll et dann zu engem Dräier-Sommet kommen, un deem den Donald Trump och deelhëlt.

De Wolodymyr Selenskyj huet seng Bereetschaft deklaréiert, de russesche President "ouni Virconditiounen" treffen ze wëllen. Et misst een direkt iwwer Weeër schwätzen, den Ukrainkrich op een Enn ze bréngen.

Moskau huet ëffentlech nach net op dës Propos reagéiert.

Mark Rutte: Treffe war e Succès

Dem NATO-Generalsekretär Mark Rutte no soll sech iwwer Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain berode ginn. Och d'USA hätte sech bereet erkläert, sech un esou engem Konzept - änlech wéi deem vun der NATO - bedeelegen ze wëllen.

Et géif hei awer net iwwer eng NATO-Memberschaft fir d'Ukrain goen an och net ëm en Asaz vu Buedemtruppen, huet de Mark Rutte nach weider betount.

Den NATO-Generalsekretär huet iwwerdeems d'Treffe gëschter am Wäissen Haus als ee Succès beschriwwen.

Macron bleift skeptesch

De franséische President Emmanuel Macron huet ënnerstrach, datt all Friddensofkommes mat Russland nëmme Bestand hätt, wann d'Ukrain eng "robust Arméi" opbaue kéint. Déi misst staark genuch si fir eng nei Attack ofzewieren.

Den Emmanuel Macron huet sech ausserdeem besuergt iwwer d'Intentioune vum Putin an éischter skeptesch gewisen, datt d'Treffen tëschent dem Wladimir Putin an dem Wolodymyr Selenskyj zu engem konkrete Resultat féiere wäerten.

De franséische President Emmanuel Macron, grad wéi den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz hunn nom Treffen nach emol fir eng Wafferou an der Ukrain plädéiert.

"Der Weg ist frei und wir wollen alle eine Waffenruhe sehen, spätestens ab dem nächsten Treffen, denn die Glaubwürdigkeit unserer Anstrengungen hier hänkt davon ab, dass zu Beginn der eigentlechen Verhandlungen wenigstens eine Waffenruhe steht. Also ich erwaarte von deem nächsten Treffen, das trilateraler Natur sein soll, eine Waffenruhe."

Nobespriechung op EU-Niveau

No de Reunioune vu gëschter sollen dann haut um Dënschdegmëtteg um 13 Auer déi 27 EU-Staats-a Regierungscheffe fir ee Sommet per Visiokonferenz zesummekommen.

Den EU-Rotspresident António Costa huet dëst Treffe gëschter aberuff. Dobäi soll et ëm eng No-Bespriechung vum Treffe gëschter tëschent dem ukraineschen an dem amerikanesche President am Wäissen Haus goen.

D'EU géif sech zesumme mat den USA fir en nohaltege Fridden asetzen, esou nach den António Costa op der Plattform X.

play_arrow Lauschteren