arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Selenskyj reest e Méindeg op Washington - Xavier Bettel äussert sech

Reaktiounen nom Sommet

|
headphones

2 min

Selenskyj reest e Méindeg op Washington - Xavier Bettel äussert sech

Nom Sommet tëschent dem Donald Trump an dem Wladimir Putin an Alaska reest den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj iwwermuer um Méindeg fir Gespréicher fir op Washington. Dat huet den ukrainesche President de Moie no engem Telefonsgespréich mam Donald Trump ugekënnegt.

headphones

2 min

Wolodymyr Selenskyj an den USA | © picture alliance / Consolidated News Photos | Ting Shen - Pool via CNP
Wolodymyr Selenskyj an den USA (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Ting Shen - Pool via CNP)

An deem Telefonat wier hie vum amerikanesche President iwwer d‘Haaptpunkte vu sengem Treffe mam russesche President informéiert ginn, esou de Wolodymyr Selenskyj. Weider Detailer goufen et net.

Den Donald Trump huet um Samschdegmoien och europäesch Staats- a Regierungscheffen iwwer säin Treffe mam Wladimir Putin informéiert.

Donald Trump: Ball leit beim Selenskyj

Et goufe keng konkreet Resultater op deem Sommet an och keen Accord fir e Waffestëllstand annoncéiert. Den Donald Trump huet awer insistéiert: Et wiere Fortschrëtter gemaach ginn, et wier een sech iwwer villes eens ginn, mee iwwer e puer wichtege Punkten nach net.

De Ball géif elo beim Wolodymyr Selenskyj leien. Een Accord géif vum ukrainesche President ofhänken, esou nach den Donald Trump.

Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel äussert sech zum Alaska-Sommet

De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel seet an enger éischter Reaktioun op eis Nofro hin: De Sommet wier wuel net als groussen Erfolleg ze bewäerten, mee et géif och positiv Elementer ginn.

"Dat, wat positiv ass, datt Gespréicher stattfonnt hunn, an ech mengen all Usaz, fir de Krich an der Ukrain um Enn ze bréngen, ass wëllkomm. Dat, wat mir bis elo wëssen, ass emol keen Deal gemaach ginn, ouni d'Ukrain. Dat konnt ee fäerten. Ech mengen, d'Ukrainer musse jo um Dësch sëtzen, wann iwwer Fridde verhandelt gëtt, virun allem iwwer hiren Territoire."

Déi éischt Prioritéit bleift e Waffestëllstand, déi zu Friddensverhandlungen och géif féieren, esou nach de Xavier Bettel.