D'Europäesch Verteidegung an déi finanziell Ënnerstëtzung fir d'Ukrain stinn am Mëttelpunkt vun engem informellen EU-Sommet haut um Mëttwoch zu Kopenhagen.
An der dänescher Haaptstad ginn d'Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner erwaart, dorënner och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden.
Um Dësch ass ënner anerem d’Iddi vun enger “europäescher Drone-Mauer” - dobäi geet et ënner anerem drëm, onbemannt Dronen ze detektéieren, ze suivéieren an am Extremfall ofzefänken
Reunioun am Kontext vu Loftraum-Violatiounen
Am Virfeld hate widderhuelt Violatioune vum dänesche Loftraum duerch Drone fir Opreegung gesuergt. Dänemark huet dofir säi Loftraum zënter e Méindeg fir all zivil Droneflich gespaart.
D’Premierministerin Mette Frederiksen huet de Weekend vun hybriden Attacke geschwat. Russland huet d’Reprochen iwwer eng Verwécklung doran zeréckgewisen.
D’Menacë gi seriö geholl zu Kopenhagen. Ënner anerem Frankräich an Däitschland hunn Hëllef offréiert, fir fir d’Sécherheet vun deem Sommet ze suergen. Däitschland huet ee Krichsschëff geschéckt, wat op d’Verdeedegung vum Loftraum spezialiséiert ass a Frankräich een Helikopter, dee fir de Kampf géint Dronen ausgerüst ass.
D’Situatioun ass ëmsou méi ugespaant, well fir muer um Donneschdeg fir d'Reunioun vum erweiderte Krees vun der Europäescher Politescher Communautéit, eng 40 Staats- a Regierungscheffen an der dänescher Haaptstad erwaart ginn.
D’Dronevirfäll ënnersträichen d'Urgence, fir iwwer déi europäesch Sécherheet ze schwätzen. Dat gouf am Virfeld vun de Reunioune vu verschiddene Säite betount.
Projet fir eng europäesch Dronemauer ass nach net konkreet
D'Europäesch Kommissioun huet de Leaderen dann och nach just zur Zäit e Méindeg e Pabeier mat Propose fir Haaptprojete mat op de Wee ginn. Ënner anerem geet et drëm eng Zort europäesch Dronemauer opzeriichten an d'Iwwerwaache vun den Ostflanken ze verstäerken.
Agefruere russescht Staatsverméigen: Confisquéiere soll evitéiert ginn
Um Sommet soll och iwwer d’Benotze vum russesche Staatsverméige fir de Finanzement vun der Defense an der Ukrain diskutéiert ginn. Lëtzebuerg an aner Länner stoungen där Iddi bis elo éischter skeptesch géintiwwer. D'Zuel vun deenen, déi dofir sinn, klëmmt awer. Ufanks der Woch hat sech den däitsche Kanzler Friedrich Merz an engem Meenungsbäitrag dofir ausgeschwat.
Konkreet geet et ëm 140 Milliarden Euro: Dat wier esou vill, wéi d'Ukrain brauch, fir déi nächst zwee Joer seng Defense ze finanzéieren, esou d'EU-Kommissioun. Si huet de Länner eng Propos gemaach, wéi een déi Sue kéint notzen, fir der Ukrain ze hëllefen.
D'Ursula von der Leyen huet en Dënschdeg betount, et géif sech hei net ëm eng Confiscatioun - also ëm eng Saisie handelen.
D'Propos gesäit vir, datt d'Ukrain déi Sue geléint kritt. D'Land misst se zeréckbezuelen, am Fall wou Russland fir d'Schied vum Krich opkënnt.
EU-Bäitrëttsprozess fir d'Ukrain: Och hei steet Unanimitéit am Wee
Um Ordre du jour steet dernieft eng Diskussioun doriwwer, wéi d'Ukrain kann am Prozess fir Member vun der EU ze ginn ee Schratt virukommen.
D'Kommissioun huet scho virun enger Zäit festgehalen, datt d'Ukrain genuch Reforme gemaach huet am Prozess fir Member vun der EU ze ginn, fir deen nächste Schrëtt ze maachen a mat de konkreete Verhandlungen unzefänken.
Dat kann awer just geschéien, wann déi 27 Memberlänner eestëmmeg Jo dozou soen. Mee ee Land, Ungarn, huet do säi Veeto ageluecht.
Och hei gëtt et elo eng Propos d'Unanimitéit ze ëmgoen, iwwer déi op dësem informellen EU-Sommet soll diskutéiert ginn.
Decisioune sinn op dësem Sommet net ze erwaarden. Et geet éischter dorëm, den Terrain dofir ze preparéieren.
Wat genee proposéiert d'EU-Kommissioun fir d'Unanimitéit opzehiewen?
Lauschtert d'Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.