arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun stellt Fahrplang fir d’Defense vir

EUROPÄESCH VERDEEDEGUNG

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

EU-Kommissioun stellt Fahrplang fir d’Defense vir

D’Europäesch Kommissioun proposéiert eng detailléiert Feuille de route fir déi europäesch Verdeedegung bis 2030 mat véier groussen Oprüstungs-Projeten. Den Dronen-Ofwiersystem soll scho bis 2027 prett sinn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Europäesch Kommissioun | © Wiktor Dabkowski
Europäesch Kommissioun (Foto: Wiktor Dabkowski)

Fir bis 2030 prett ze sinn, misst elo op de Gas gedréckt ginn - dat ass de Message vun der Europäescher Kommissioun. "Fir bis 2030 fäerdeg ze sinn, musse mir eis elo beweegen, dat séier an och zesumme maachen", esou d’EU-Kommissärin Henna Virkkunen.

Kaja Kallas: “Ee Plang fir de Fridden”

Zil ass et d’Verdeedegungs-Kapazitéit vun der EU ze verstäerken an d’EU méi onofhängeg vun den USA ze maachen. Et ass ee Plang fir datt de Fridde bestoe bleift, seet d’EU-Baussebeoptragte Kaja Kallas.

“D’Gefor, där d’EU ausgesat ass, bleift och bestoen, wann de Krich an der Ukrain eriwwer ass.”

Roadmap mat véier Haaptprojeten

D’Kommissioun leet eng Feuille de route vir, mat Haaptprojeten, déi déi aktuell Lücken opfëlle sollen. D’Memberlänner solle sech a Gruppen zesummendinn. Si decidéiere selwer, wou si matmaache wëllen an och wéi vill Suen si doran investéieren. 

D’EU war sech schonn iwwert d’Eropsetze vum Budget fir d’Defense eens ginn. Elo géif et ëm d’Ëmsetze goen, esou den EU-Kommissär fir d’Verdeedegung Andrius Kubilius

“Mir mussen an de Liwwer-Modus kommen: Verträg, Produktioun, Moderniséieren an Uschafen”

Bréissel huet véier Haaptprojeten definéiert. Dozou gehéiert dee vun engem Dronen-Ofwiersystem, dee vun der d’Protektioun op der Ostflank, dee vun engem Europäesche Loft-Ofwiersystem an deen, ee Schutzschëld fir de Weltraum opzebauen. 

Lëtzebuerg wëllt beim Opbau vu Weltraum-Schutzschëld matmaachen

Beim leschten huet Lëtzebuerg Interêt ugemellt, huet et aus Regierungskreesser geheescht. Fir de Rescht misst den Detail vun der Feuille de route gekuckt ginn, ier ee weider Decisiounen huele kann.

play_arrow Lauschteren