arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU wëllt Iwwerwaachung un der Ostflank verstäerken

Europäesch Verteidegung

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

EU wëllt Iwwerwaachung un der Ostflank verstäerken

D'EU wëllt sech ee konkreete Fahrplang fir déi geplangte militäresch Oprüstung ginn. An enger éischter Phas soll ee System vun Anti-Drone-Mesuren un der Ostflank vun der EU opgebaut ginn. Dobäi sinn awer nach vill Froen net gekläert.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© European Union
(Foto: European Union)

D'Violatioun vum Loftraum, déi eng Partie europäesch Länner hu missen erdroen, wier Deel vun enger hybrider Krichstaktik, sot de Mëttwochowend d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. Néideg wier eng staark europäesch Äntwert an d'Urgence dofir wier elo erkannt ginn, esou déi däitsch CDU-Politikerin.

Um Mëttwoch krut d'Europäesch Kommissioun um informellen EU-Sommet zu Kopenhagen an Dänemark den Optrag, ee Programm auszeschaffen. Et geet ëm d'Detektéieren, d'Suivéieren an ëm d'Offänke vun onbemannten Dronen.

Dronemauer: Lëtzebuerg misst eventuell Gesetzeslag klären

D'Iddi vun enger europäescher Dronemauer ass wéinst dem heefegen Dronenalarm an Dänemark wärend de leschten Deeg brisant.

Si steet awer nach ganz um Ufank.

De Luc Frieden huet d'Iddi vun der Dronemauer als "interessant" bewäert. Zu Lëtzebuerg huet sech de Problem nach net gestallt, esou de Premier. Iwwerdeems schéngt d’Gesetzeslag net ganz kloer ze sinn.

"Ech mengen net, datt mir zu Lëtzebuerg déi Gesetzgebungen hätten, fir esou Saachen ofzeschéissen, well mir déi Situatioun eigentlech an engem militäresche Konflikt bis haut nach net haten. Mir kënnen eise Loftraum schléissen. Mir kënnen de Loftraum reegelen, och bei zivillen Dronen. Mee hei si mir an engem ganz anere Zenario."

D'Kommissioun huet wëlles, bis den nächsten EU-Sommet Enn dës Mounts méi en detailléierte Plang auszeschaffen.

Deen dierft sech net just op Osteuropa limitéieren. Dat hu südlech Länner wéi Italien a Griichenland kloergemaach.

7. Sommet vun der "Europäescher Politescher Communautéit"

Haut um Donneschdeg kommen zu Kopenhagen d'Vertrieder:inne vun der sougenannter Europäescher Politescher Communautéit zesummen. Dobäi handelt et sech ëm een erweiderte Krees vu 47 Länner, zu deem nieft de 27 EU-Länner och Groussbritannien, Moldau, d'Schwäiz an d'Ukrain gehéieren.  

Och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gëtt dofir zu Kopenhagen erwaart. 

Et ass déi siwente Kéier, datt d'Leaderen an deem méi labbere Format zesummekommen. Et géing hei an éischter Linn dorëm goe sech géigesäiteg nozelauschteren, esou huet de Luc Frieden gëschter seng Erwaardungen un déi Reunioun zesummegefaasst.

 

play_arrow Lauschteren