arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun presentéiert Texter vum Mercosur-Accord

Accord Mat MERCOSUR A MEXIKO

|
headphones

3 min

EU-Kommissioun presentéiert Texter vum Mercosur-Accord

Virun allem de Mercosur-Accord war laang ëmstridden. Fir de Bedenke vun ënner anerem Frankräich gerecht ze ginn, proposéiert d’Kommissioun zousätzlech Sécherheets-Klausele fir eng Partie landwirtschaftlech Produiten. 

headphones

3 min

EC - Audiovisual Service  | © EC - Audiovisual Service
Pressekonferenz (Foto: EC - Audiovisual Service )

Beim Accord geet et ënner anerem drëm, Douanestaxe fir béid Säiten op enger Partie vu Produiten erofzesetzen. Et gouf ëmmerhin am Ganze ronn 25 Joer laang doriwwer verhandelt. Schonn aleng dofir schwätzt d’Kommissioun vun engem “historeschen Deal”.

De Mercosur Accord géif de Wee fräimaache fir déi gréisste Fräihandels-Zon op der Welt, esou de Vizepresident vun der Kommissioun, de Maros Sefcovic.

"Et ass ee festleche Moment; Mir ginn dovun aus, datt an der EU Douanestaxen an der Héicht vu 4 Milliarden Euro gespuert ginn."

D’Ofkommes géif Douanestaxe vu bis elo bis zu iwwer 30 Prozent fir EU-Exporter op Autoen, Maschinnen a Medikamenter substantiell erofsetzen.

Historesch ass den Deal awer och, wann effektiv d’Bedenke vu verschiddenen Memberlänner aus dem Wee geraumt kënne ginn.

Politeschen Accord schonn de 5. Dezember

D’Europäesch Kommissioun war sech nämlech trotz där Kritik schonn am Dezember zejoert mat de véier südamerikanesche Länner Argentinien, Brasilien, Paraguay an Uruguay iwwer een Ofkommes eens ginn.

Un de juristeschen Texter gouf awer nach bis elo geschafft, wëll sech virun allem Frankräich an e puer aner EU-Länner Suergen ëm hiren eegene landwirtschaftleche Secteur gemaach hunn.

Zousätzlech Garantië baussent dem Accord

Fir deene Bedenke gerecht ze ginn, proposéiert d’Kommissioun elo keng Ännerungen am eigentlechen Text vum Accord, mee zousätzlech Sécherheets-Klausele fir eng Partie landwirtschaftlech Produiten ewéi Rëndfleesch, Poulet an Zocker.

"Mir sinn iwwerzeegt, datt mir ee gudden Deal hunn, a mir hunn all méiglech Precautioune geholl, datt et ee gudden Accord ass fir d’Bauere, an Europa an am Mercosur."

An den zousätzleche gesetzlechen Texter, déi a Form vun EU-Reglementer proposéiert ginn, géifen déi néideg Sécherheeten agebaut ginn, fir dofir ze suergen, datt déi europäesch Baueren an Entreprisë keng Nodeeler hunn, esou den EU-Kommissär.

Et gëtt ee Fond ageriicht, een Union Safety Net - mat 6,3 Milliarden Euro - fir de Baueren ze hëllefen, onfair Competitioun, Präis-Schocken oder Maart-Verzerrungen auszegläichen.

Accord an zwee Deeler gespléckt

Déi nächst Schrëtt sinn, datt den Accord muss vun de Memberlänner adoptéiert ginn. En ass an zwee Deeler gespléckt: De reng kommerziellen Deel trëtt direkt a Kraaft, wann d’Majoritéit vun de 27 EU-Länner am Accord mam Europaparlament Jo gesot hunn. Deen zweeten - dee politeschen - Deel, muss vun de Länner op nationalem Niveau ratifizéiert ginn.

Duerch déi Prozedur géif Zäit gewonn ginn, esou de Maros Sefcovic. Déi national Prozesser géifen deels laang daueren, mee et wier wichteg, datt d’Entreprisen esou séier ewéi méiglech vum Accord profitéiere kënnen.

Kritik aus dem Europaparlament

Zu Lëtzebuerg hat de Premier Luc Frieden am Mee a senger Ried zur Lag vun der Natioun kloer gestallt, datt d’Regierung prett wier, den Handelsaccord mat dem Mercosur mat ze ënnerschreiwen.

Virdrun hat d’Landwirtschaftsministerin Martine Hansen sech och deels kritesch par rapport zum Accord geäussert a no Garantië fir europäesch Baueren an Europa gefrot.

Am Europaparlament gëtt et scho Kritik um Accord. Eng Partie EU-Deputéiert hunn annoncéiert, e virum Europäesche Geriichtshaff a Fro ze stellen, well si fäerten, datt d’EU net méi autonom wier beim Decidéiere vun Ëmweltgesetzer.

Den Accord wier net kompatibel mat europäesche Klimaziler an internationalen Ëmweltverflichtungen, schreift déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz an engem Pressecommuniqué.