D‘EU-Agrarministere waren haut um Méindeg zu Bréissel zesummen, dorënner och d‘Martine Hansen. Déi Lëtzebuerger Agrarministerin huet am Virfeld eng Propos mat Pisten op den Dësch geluecht, fir eng “Simplificatioun” vum Reglement.
"Ee Problem léisen, dee mir an eisem Land net hunn"
D'Martine Hansen huet dobäi ënnerstrach, datt et wichteg wier, weltwäit géint Deforestatioun virzegoen. Si huet bedauert, datt d‘Reglement vun der Europäescher Kommissioun e ganz groussen administrativen Opwand mat sech zéie géif, och fir déi Länner, wou d'Ofholzung kee Problem wier, wéi zum Beispill Lëtzebuerg oder Éisträich.
"Konkreet heescht et nämlech, datt en alleguer d'Baueren, déi gäre wëlle Ranner, Kéi, Fleesch verkafen, datt déi musse reegelméisseg georeferenzéiert Daten an eng europäesch Datebank eraginn. Dës Date mussen dann och nach eng Kéier vu Beamte kontrolléiert ginn. Dat heescht, definitiv een administratiivt Monster, soen ech elo mol einfach, fir ee Problem ze léisen, dee mir an eisem Land net hunn."
Dat wéilt een net akzeptéieren, esou nach d'CSV-Ministesch.