arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Agrarpolitik: De Christophe Hansen huet der Chamber seng Visioune virgestallt

Chamberagrarkommissioun

|
headphones

1 min

headphones

3 min

play_arrow

EU-Agrarpolitik: De Christophe Hansen huet der Chamber seng Visioune virgestallt

De Lëtzebuerger Agrarkommissär Christophe Hansen wëllt fir déi zukünfteg EU-Agrarpolitik fir d’Period 2028-2034 nei Akzenter setzen. Engersäits soll et virun Allem fir kleng Bauerebetriber eng Simplification administrative ginn. Da sollen d’Hëllefe fir gréisser Betriber degressiv sinn.

headphones

1 min

headphones

3 min

play_arrow
© European Union
(Foto: European Union)

Ëmstridde bleift d’Fro vum EU-Budget, dee fir d’Agrarpolitik virgesinn ass, nämlech 300 Milliarden Euro. Eng Zomm, déi em 65 Milliarden Euro manner héich ass ewéi dat, wat fir déi aktuell Agrarpolitik bis 2027 virgesinn ass.

Eng Rei Froe bleiwen op

Fir déi nächste Period 2028-234 wieren 387 Milliarden Euro um Ufank virgesi gewiescht. Et sinn der elo 87 Milliarden Euro manner, mee déi 20 Prozent sollen am Kader vun aneren nationalen an europäesche Fonge finanzéiert ginn, huet de Lëtzebuerger Agrarkommissär Christophe Hansen an der Chamberkommissioun erkläert.

Explikatiounen, déi den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten awer a Fro stellt, well déi 20 Prozent, déi elo manner am EU-Agrarbudget virgesi sinn, vun de Memberlänner selwer musse finanzéiert ginn.

Hansen widderleet Aussoe vun der Agrarministesch

D'Lëtzebuerger Agrarministerin Martine Hansen hat virun e puer Woche gemengt, datt déi nei Agrarpolitik mat degressiven Hëllefe fir gréisser Betriber géif eng 400 Baueren hei am Land betreffen.

Dat huet de Christophe Hansen awer widderluecht: Et wieren aner Hëllefe fir déi Betriber accessibel, sief dat iwwer d’Moderniséierung, oder iwwer d’Ëmweltschutzmoossnamen, déi si kéinten zousätzlech ufroen

 

play_arrow Lauschteren