Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg warnt virun den neie Gentechniken

Landwirtschaft

D'Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg warnt virun den neie Gentechniken

Iwwer de Wee vun neien, sougenannte genomeschen Techniken, kéinte geschwë Liewensmëttel op eisen Tellere landen, déi zwar genetesch modifizéiert sinn, awer net als därer ze erkenne sinn. D’Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg warnt virun deenen neien Techniken an hofft op d’Ënnerstëtzung vun der Landwirtschaftsministesch.

auto_stories

4 min

headphones

9 min

© Bigtsock play_arrow
(Foto: Bigtsock)

Iwwer déi sougenannte genomesch Technike gëtt schonn eng Zäit laang zu Bréissel diskutéiert. D’EU-Kommissioun hat schonn am Juli virun 2 Joer proposéiert, Reegele fir genetesch modifizéiert Organisme méi labber ze maachen. Déi nei genomesch Technike sollen d’Ierfsubstanz vu Planzen, an awer och vun Déiere kënne veränneren, ouni friem Ierfsustanzen anzesetzen.

Et dierfe keng zousätzlech finanziell Belaaschtungen ufalen

D’Direktesch vun der Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg, d’Daniela Noesen, erkläert am 100,7-Interview, datt et aktuell nach kee Sënn mécht, den Asaz vun deenen Techniken ze deregulariséieren. De Grond dofir: Ze vill oppe Froe bleiwen ongekläert.

“Et geet ëm Réckverfollgbarkeet, ëm Kennzeechnung, an awer och ëm Haftungsfroen, wann zum Beispill eng Biofläch sollt kontaminéiert gi mat NGTen.”

Et kéint net sinn, datt eventuell ee Gesetz gestëmmt gëtt, wou d’Ëmsetzbarkeet an der Praxis nach guer net garantéiert ass, kritiséiert d’Daniela Noesen. Si fuerdert ausserdeem, datt de fräie Choix bäibehale muss ginn, an datt wann dat de Fall ass, Biobaueren (oder gentechnikfräi Betriber) net mat zousätzlechen administrativen Aufgaben oder finanzielle Belaaschtunge geplot ginn.

D'Daniela Noesen ass Direktesch vun der Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg. | © Archiv
D'Daniela Noesen ass Direktesch vun der Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg. (Foto: Archiv)

Déi wirtschaftlech Intressen

D’Daniela Noesen mécht och drop opmierksam, datt d’Fro ronderëm d’Patentrechter net gekläert ass. Weltwäit ginn et 4 grouss Entreprisen, déi ronn 70 Prozent vum Weltmarché vun de Planzeschutzmëttel ënner sech opdeelen, a 50 Prozent vum Marché fir d'Geseems. De Risiko géing bestoen, datt een als Bauer herno kee Choix méi hätt, fäert d’Daniela Noesen. D’Zortevillfalt an d’Geseems soll an den Hänn vun de Bauere leien, an net vun den Entreprisen.

Datt d’Fro ronderëm d’Patentrecht onbedéngt gekläert muss ginn, där Meenung ass och déi Lëtzebuergesch Landwirtschaftsministerin Martine Hansen. D’Biovereenegung hofft dofir, datt si sech dofir asetzt, all déi oppe Froen am viraus ze klären.

Martine Hansen: Net kategoresch géint nei Techniken

D’CSV-Ministesch ass allerdéngs net kategoresch géint dës nei Techniken, huet op verschiddene Punkten awer hir Skepsis duerchblécke gelooss. D’Biovereenegung hofft, datt d’Martine Hansen net vergësst, d’Intresse vun de Biobaueren ze vertrieden, och wann aus der konventioneller Landwirtschaft duerchaus positiven Echo ze héieren ass. 

Fir d’Daniela Noesen ass awer wat d’Koexistenz vun deenen neie genmanipuléierten a gentechnikfräie Produiten ugeet, eppes kloer: Soulaang déi verschidde Punkten net gekläert sinn, kann ee sou engem Gesetz net zoustëmmen. 

Lauschterenplay_arrow