Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Raveena - Junebug Feat. Jpegmafia

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mouvement écologique: Regierung soll Gebrauch vun de Pestizide méi staark reduzéieren

Liewensmëttel

Mouvement écologique: Regierung soll Gebrauch vun de Pestizide méi staark reduzéieren

De Mouvement écologique verlaangt, datt d’Regierung sech méi staark dofir asëtzt, datt de Gebrauch vu Pestiziden an der Liewensmëttelproduktioun ze reduzéieren. D’Hallschent vun de geteste Liewensmëttel zu Lëtzebuerg enger Etüd vun der Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung ALVA aus dem Joer 2022 mat Pestizide belaascht.

auto_stories

2 min

D'Pressekonferenz vum Jimmy Bruch. | © Jimmy Bruch
D'Pressekonferenz vum Jimmy Bruch. (Foto: Jimmy Bruch)

Text: Jimmy Bruch

De Mouvement écologique stellt sengen eegene Recherchen no fest, datt Bio-Liewensmëttel mat 12 Prozent Belaaschtung wäitaus manner Pestiziden opweisen, a rifft dozou op, datt ee sech méi fir Bio-Produktioun asëtze sollt.

Et fuerdert ee vun der Regierung, d’Resultater vum Pestizid-Aktiounsplang, deen zënter 2017 a Kraaft ass, virzeleeën, a sech och op europäeschem Niveau dofir anzesetzen, vun de Pestiziden ewech ze kommen.

Entscheedung läit bei de Memberstaaten

Doriwwer eraus kéint Lëtzebuerg de Gebrauch vu Pestiziden op nationalem Niveau méi staark reguléieren, wéi dat vun der EU virgesinn ass, sou nach de Roger Dammé vum Mouvement écologique.

Bei den Zouloossunge wier et sou, datt den eenzelne Wierkstoff op EU-Niveau zougelooss gëtt oder net. Duerno wier et un den eenzelne Memberstaate fir d’Produiten, déi een oder méi vun deene Wierkstoffer beinhalten a verkaaft ginn, zouzeloossen, erkläert de Roger Dammé.

"Lo ass et sou, datt déi eenzel Memberlänner méi streng kënne virgoen, wéi dat op EU-Niveau de Fall ass. Dat heescht, als eenzele Memberstaat huet ee wuel d‘Méiglechkeet, ee Produit vum Marché zeréckzezéien, wann een der Meenung ass an och eenegermoosse ka beleeën, datt dee Produit, op Basis vun neie wëssenschaftlechen Erkenntnisser, méi problematesch ass, wéi zu deem Moment, wou en d'Evaluatioun op EU-Niveau gemaach ginn ass.”

Lauschterenplay_arrow