Wéi den 100,7 um Freidegmoie gemellt hat, huet d’AMMD den 8. Oktober eng ausseruerdentlech Generalversammlung aberuff fir iwwer eng Kënnegung vun der Konventioun mat der CNS ofzestëmmen. D‘Decisioun fir mat hire Memberen elo iwwer eng méiglech Opléisung vun der Konventioun ze decidéieren, wier net vun haut op muer gefall, esou nach den AMMD-President Chris Roller.
"Mir sinn elo an enger Situatioun, wou mer awer lues an en Impasse kommen an d'Problemer ëmmer méi akut ginn, och fir d'Patienten."
Nach ëmmer géif et laang Waardezäite ginn. Eng Situatioun déi sech net verbessert, well den ambulante Secteur defavoriséiert gëtt, géintiwwer de Spideeler, esou de Chris Roller.
"D'Regierung versteet just mat Drock"
An der Generalversammlung wéilt een de Member d‘Optiounen op den Dësch leeën.
"A sou wéi ech d'Gefill hunn, versteet d'Regierung an och d'Madamm Deprez just mat och d'Drock, fir Verännerungen iergendwéi dann awer virzehuelen, déi se versprach hunn."
Mat dëse Verännerunge mengt den AMMD-President ënner anerem e Projet iwwer d’Dokteschgesellschaften, deen d’Gesondheetsministesch Martine Deprez zeréckgezunn hätt an deen awer bis Enn des Joers nei soll virgeluecht ginn. Fir de Chris Roller wier een do awer nach e ganzt Stéck ewech.
Marc Spautz zouversiichtlech
Aus der Politik komme gemëschte Reaktiounen op d’Annonce vun der AMMD. De President vun der Santéskommissioun an CSV-Deputéierte Marc Spautz weist sech awer zouversiichtlech wat d’Gesetzesprojeten ugeet.
De Lëtzebuerger Gesondheetssystem géif ouni Zweiwel viru groussen Erausfuerderunge stoen. Dem wier sech d’Regierung och bewosst an et géif een no nohaltege Léisunge sichen, erkläert den President vun der Santéskommissioun Marc Spautz. D’AMMD wéilt villäicht am Virfeld vun der Quadripartite en Zeeche setzen, mengt den CSV-Deputéierten, dee sech awer zouversiichtlech weist fir Léisungen ze fannen. Dat am Interêt vun den Dokteren an och am Interêt vun de Patienten.
"An datt, wann déi Quadripartite bis stattfonnt hunn an déi Pisten och vun der Ministesch nach eng Kéier gesot gi sinn, wou d'Projet -de -loien dru sinn, dass déi elo op den Instanzewee kommen, dass dann och Dokteren dat d'Gefill net méi hunn, dass si net géifen eescht geholl ginn."
Carole Hartmann: D'Regierung läit an der Verantwortung
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann weist Versteesdemech fir d’Annonce vun der AMMD a gesäit d’Regierungsparteien an der Flicht fir op de wichtegen Dossieren am Gesondheetssecteur ze agéieren an deementspriechend Reformen an d'Weeër ze leeden.
"An ech verstinn d'AMMD hei esou, datt se Demandeur sinn, datt déi Saachen, déi och d'Regierung sech virgeholl huet am Koalitiounsaccord, datt dat och, och elo ëmgesat gëtt. A mir, mir sinn op alle Fall an där Linn vun dem Koalitiounsaccord als DP, dass mir och wëllen déi Saachen ëmsetzen, déi mer do festgehalen hunn."
LSAP kritiséiert Virgoe vun der AMMD
Aus der Oppositioun kënnt Kritik um Virgoe vun der AMMD. Den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo schwätzt vun enger “Verhandlungstaktik” a mengt, datt d’Doktesch- an Zänndokteschassociatioun en vue vun den Tarifverhandlungen wéilt Drock opbauen.
Wann d‘AMMD dat „eeschthaft envisagéiert“ wier dat eng Katastroph fir ee solidaresche Gesondheetssystem an och fir Gros vun den Dokteren, mengt de Mars di Bartolomeo.
Um Enn kéinten och d’Patienten ënner enger Opléisung vun der Konventioun leiden, sou nach de Mars di Bartolomeo.
Eng Aschätzung déi och den Piraten-Deputéierte Sven Clement, deelt. Fir hie wier de Schrëtt vun der AMMD, fir d’Konventioun a Fro ze stellen de Beweis fir e Vertrauensbroch tëschent der AMMD an der CNS.
D’ADR-Deputéiert, Alexandra Schoos, kritiséiert, datt genee de contraire géif gemaach gi vun dem wat an hiren Aen néideg wier andeems de Gesondheetssecteur sech ëmmer méi op d’Spideeler géif konzentréieren. Och déi gréng Deputéiert Djuna Bernard gesäit an de leschten zwee Joer kee Fortschrëtt an der Gesondheetspolitik a fuerdert, datt d’ Regierung dësem Sujet nees eng prioritär Roll gëtt. Déi Lénk wéilten dogéint kee virleefegt Urteel ofginn, präziséiert hiren Deputéierten, de Marc Baum.