arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Entrevue tëschent der Martine Deprez an dem CNS-Verwaltungsrot

Virun der Quadripartite

|
headphones

1 min

Entrevue tëschent der Martine Deprez an dem CNS-Verwaltungsrot

Am Virfeld vun der Quadripartite koum gëschter um Méindeg de Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess CNS mat der Gesondheetsministesch Martine Deprez zesummen.

headphones

1 min

An der Diskussioun ëm eng méiglech Opléisung vun der Konventioun mat der Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun AMMD gesäit d'CNS sech selwer haaptsächlech als Verwaltungsorgan, dat de Budget an d'Leeschtunge streng nom Gesetz geréiert.

Eng nei Konventioun kéint näischt Grondsätzleches änneren. Dat géif bei de politesche Responsabele leien, esou de Marc Wagener, Vertrieder fir d'Patronat am CNS-Verwaltungsrot.

Reaktioun vun de Gewerkschaften

De Carlos Pereira vum OGBL huet AMMD kritiséiert, well si mat der Droung d'Konventioun opzeléisen, ze vill Drock op d'CNS géif maachen. Och de Christophe Knebeler vum LCGB huet gewarnt, eng Kënnegung géif just nei Problemer schafen. Am Mëttelpunkt missten déi Verséchert stoen an dofir misst d'Regierung elo de richtege Kader schafen.

D'AMMD wëllt den 8. Oktober op enger ausseruerdentlecher Generalversammlung decidéieren, ob si d'Konventioun mat der CNS kënnegt oder net.

play_arrow Reaktioune lauschteren