An enger Äntwert op eng parlamentaresche Fro hat d'CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez ze verstoe ginn, datt d'Bezuelung kéint an d'Luucht goen. An der Äntwert erkläert d'Gesondheetsministesch, datt een déi tatsächlech Betribskäschten a Betruecht misst zéien, wann een den Noutdéngscht vun den Apdikte weiderhi wéilt garantéieren.
Bezuelung muss dem Diplom entspriechen
Datt een den Ament Käschte vun enger Gard dacks net kéint decken, wier dem Alain de Bourcy no net ze iwwersinn. Hien ass de President vum Apdikterverband.
"Do si Leit, déi maachen an engem Sonndeg keng 500 Euro Chiffre d'affaire op e ganze Sonndeg. TVA comprise, mat allem drum und dran."
Déi Zommen, déi ee géif erakréien, géifen emol net duergoen, fir déi niddregste Pai auszebezuelen, déi de Kollektivvertrag virgëtt, esou den Alain de Bourcy.
"Also dat si Leit, wou fënnef Joer, sechs Joer Uni gemaach hunn. Also déi mussen esou bezuelt ginn, wéi dat, wat hiren Diplom wäert ass. Plus de Sonndeg oder de Feierdag kënnt evidemment nach do drop."
Verschidden Apdikte profitéiere vun hirer Lag
Et géifen einfach net genuch Leit d'Apdikten, déi Gard hunn, sollicitéieren. Iwwerdeems wier den Undrang vun den Apdikten ofhängeg vun der Lag, erkläert de President vum Apdikterverband.
"Dat ass d'Stad Lëtzebuerg, dat ass Esch-Uelzecht, an dann den Nordstad -Secteur selwer. Soubal Dir do erausgitt, do ass näischt méi. Dir kënnt elo Iechternach huelen, Dir kënnt Capellen huelen, Dir kënnt den déiwe Süden huelen, Dir kënnt Diddeleng huelen: Do kommen nuets ganz wéineg Leit."
An anere Wierder géife just déi Apdikte vill wärend der Gard sollicitéiert ginn, déi no u Spideeler, Maison-medicallen a Poliklinicken an der Géigend sinn.
D'Martine Deprez hat an der Äntwert op déi parlamentaresch Fro gesot, datt een den Ament net géif envisagéiere fir d'Unzuel vun de Garden ze reduzéieren.