arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Krankeversécherung: 2027 wäerte wuel d'Cotisatioune liicht erhéicht ginn

Santé

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Krankeversécherung: 2027 wäerte wuel d'Cotisatioune liicht erhéicht ginn

Gëschter um Méindegowend koum d’Quadripartite zesumme fir de Point ze maachen iwwer déi finanziell Situatioun vun der Krankeversécherung. Den Defizit ass fir dëst Joer viraussiichtlech e bësse méi niddereg ewéi en nach am Mee ageschat gouf.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
© M3S
(Foto: M3S)

D'Finanzsituatioun vun der Gesondheetskeess ass fir déi nächste Joren net roseg: D'Ausgabe klammen nämlech vill méi séier wéi d'Recetten. A wann d'Reserve vun der Krankeversécherung ënner dem legale Seuil leien - dat heescht ënner 10 Prozent vun de lafenden Depensë vun der CNS - da muss laut Gesetz gehandelt ginn.

UEL: "Eng Flucht no vir"

An et gi verschidde Pisten: An dësem Fall geet een dovunner aus, datt eng Erhéijung vun de Cotisatiounen net kann evitéiert ginn. D'Gesondheetsministerin huet preziséiert, datt et eng Hausse wäert gi vun haut 5,6 op 5,85 Prozent. Dat vun 2027 un.

Fir den Direkter vun der Patronatsorganisatioun UEL, de Marc Wagner, géif et drëms goen, fir déi Hausse esou niddreg ze halen ewéi méiglech. Dowéinst gëtt bis 2027 e Moossnamekatalog ëmgesat, déi vun allen Acteure misst gedroe ginn, seet de Marc Wagner.

"Mir hunn awer haut de Message ginn, datt just kollektiv, gemeinsam, Kraaftustrengung eis kënne weiderbréngen an do huelen ech keen eraus. Do huelen ech net d'Sozialpartner eraus, well dat ass net méi ze evitéieren, datt d'Cotisatioune wäerten eropgoen. Mir musse just alles maachen, datt dat esou geréng wéi méiglech ass, well dat ass ëmmer eng Flucht no vir."

D'Reform vun 1992 als Beispill?

De Staat wäert an den nächste Joren 59 Milliounen Euro zum Budget vun der CNS bäidroen. Dat sinn 39 Millioune méi ewéi bis elo. Déi Hausse gouf schonn zënter Jore vun de Sozialpartner gefuerdert. De Christophe Kneebler vum LCGB bedauert awer, datt dëse Forfait net retroaktiv vum Staat bezuelt gëtt.

"D'Retroaktivitéit vun der Maternité ass ee vun de Punkten. Do sinn awer vill Sue verluer gaangen. Do donieft ass natierlech och d'Fro bei de Frais-administrativen, ob déi ganz op der Laascht musse vun der CNS leien oder net. Also an der Zäit war et emol esou, virun der leschter Reform vun 92 war dat, do war et Hallef-Hallef."

Fir den Defizit kënnen erofzedrécken, ginn eng Rei Moossnamen ergraff. An den nächsten dräi Joer kéint een 140 Milliounen Euro un Ausgaben evitéieren, an dëst ouni Prestatioune fir d'Patienten ze kierzen. Dat ass ënner anerem de Fall bei der Verschreiwung vu Medikamenter oder Prestatiounen, déi e puermol opgeschriwwe ginn oder och vun der Fleegeversécherung schonn iwwerholl ginn.

D'Fro vun der Lettre-clé

E Fragezeiche bleift och d'Fro vun der Konventioun mat den Dokteren. Op der Generalversammlung vun der AMMD krut de Comité d'Mandat fir d'Konventioun iwwer d'Tarifikatioun mat der CNS ze kënnegen.

Ee Grond war, datt de Staat net averstane war mat den Exigenze vun der AMMD, ëm d'Hausse vun der sougenannter Lettre-clé, déi bei der Tarifikatioun vun de medezineschen Akten agesat gëtt. erkläert den Dokter Chris Roller, President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren, der AMMD.

"Mir waren am Ufank an enger Negociatioun, wou mir signaliséiert kruten, wa mir verschidde Mesurë mat treffen, dass mir géifen déi voll Lettre-clé vun 2,68 Prozent kréien. An der leschter Quadripartite 2024 huet de Conseil d'administration vun der CNS eis matgedeelt, dass elo alles on hold wier. An do si si op eis komm an hu gesot, et gëtt elo 0 Prozent fir d'Zänndokteren an 1,34 Prozent fir d'Dokteren."

D'Dokter- an Zänndokter-Associatioun huet ugekënnegt, datt se an den nächsten Deeg oder Wochen d'Konventioun mat der CNS wäerte kënnegen.

D'Ministerin Martine Deprez wëllt an enger éischter Phas nach eng Kéier mat der AMMD eenzel diskutéieren, fir dann duerno - soll et néideg sinn - mat de Sozialpartner nees zesummen ze kommen, fir dann Decisiounen ze huelen.

play_arrow Lauschteren