arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ José Balanzategui gëtt den 1. November neien CNS-President

Caisse nationale de santé

|
headphones

1 min

José Balanzategui gëtt den 1. November neien CNS-President

D’Regierung huet haut decidéiert, datt de Premier Conseiller de Direction bei der CNS José Balanzategui den 1. November dëst Joer neien CNS-President soll ginn, als Nofollger vum Christian Oberlé.

headphones

1 min

Op Virschlag vun der Ministerin Martine Deprez (CSV) huet d’Regierung d’Entscheedung geholl, dem Grand-Duc d’Nominatioun vum José Balanzategui als neien CNS-President ze proposéieren.

De José Balanzategui schafft zënter 1998 bei der CNS. Zënter 2012 ass hie Premier Conseiller de Direction bei der Gesondheetskeess.