arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Deprez: "Ech scheie keng schwéier Dossieren"

Ministesch am Interview

|
headphones

3 min

headphones

6 min

play_arrow

Martine Deprez: "Ech scheie keng schwéier Dossieren"

Den 9. Oktober ëm dës Zäit wësse mir, wéi d'Dokteren ofgestëmmt hunn: Ob d'Spëtzt vun der AMMD vun hire Memberen déi gréng Luucht kritt huet, déi se gär gehat hätt fir d'Konventioune mat der CNS ze kënnegen. Da weess och d'Gesondheetsministesch,  wat si op der Quadripartite e puer Deeg drop erwaart.

headphones

3 min

headphones

6 min

play_arrow

D'AMMD hätt hir Verantwortung iwwerholl, mengt d'Martine Deprez am 100,7-Interview. Genee wéi all aner Grupp oder ASBL dierft och d'AMMD hir Membere consultéieren. Ausléiser wier hei eebe gewiescht, datt bei der Mediatioun net dat erauskomm war, wat si sech erhofft haten.

Drock op der Ministesch?

Datt d'Memberen elo den 8. Oktober befrot ginn ass sécherlech och keen Zoufall: Dat ass just e puer Deeg virun der Quadripartite. Gëtt hei versicht, Drock op d'Ministesch opzebauen?

“Dat hu si jo selwer gesot, si wéilten elo Drock op d’Politik maachen, well net dat geschitt, wat si gären haten.”

Den Echec vun der Mediatioun an de Verhandlungen iwwer eng Revalorisatioun vun hiren Tariffer, dat ass den Ausléiser. Dobäi kommen awer nach eng Partie aner Baustellen. D’Regierung ass elo zwee Joer am Amt an et stellt sech d’Fro, ob d’Doktere sech net awer zu Recht bekloen, datt vun deene Saachen, déi si an Aussiicht gestallt kritt haten, nach näischt realiséiert ginn ass.

D’Martine Deprez verweist op de Koalitiounsaccord, an deem all déi Saachen nach ëmmer géingen drastoen. Dobäi kéim och eng gewëssen Agewinnungsphas fir si perséinlech.

“Ech hunn dat Mandat jo den November 2023 iwwerholl an da muss een dat Haus emol kenneléieren. D'Gesetz vum Virage ambulatoire hunn ech kannt a mir hunn eis Gedanke gemaach. Mir hunn zesummegeschafft an do brauch een eng Zäitchen, bis e gesäit, wéi een dat kann an déi besteeënd Gesetzgeebung afügen.”

Op deem spezifesche Punkt wier een awer elo prett fir bis de Juli 2026 eppes op den Dësch ze leeën. Net méi spéit wéi gëschter um Mëttwoch hätt d'Martine Deprez nach mat der AMMD iwwer dat Theema geschwat. Géigesäiteg un d’Guergel gaangen ass ee sech dobäi awer net, betount d’CSV-Politikerin.

“Mir hu ganz, ganz konstruktiv iwwer d'Spidolsgesetz geschwat. Mir hu ganz konstruktiv doriwwer geschwat, wéi een hir Revendicatioune kann an déi besteeënd Landschaft abauen. An ech denken, mir kommen do zesumme virun.”

Am Dossier Spidolsgesetz géing ee Schrëtt fir Schrëtt kucken, esou d’Ministesch.

Martine Deprez spiert dat vollt Vertraue vum Premier 

Nieft der Santé ass d’Martine Deprez jo och nach Ministesch vun der Sécurité sociale an domadder mam Pensiounsdossier beschäftegt. Keng einfach Zäit fir d’Politikerin, déi sech am 100,7-Interview awer kämpferesch weist.

“Wéi sot mäi Papp, wéi ech ugefaangen hunn ‘Et wäert net einfach ginn’, an de Mann huet d'Recht behalen. An ech scheie keng schwéier Dossieren. Ech maache meng Aarbecht gewëssenhaft a mat Zouversiicht an d'Zukunft.”

Si betount och, datt si weider dat vollt Vertraue vum Premier Luc Frieden géing spieren. Nach d’lescht Woch zu New York hätt si e "ganzt konstruktiivt" Gespréich mam Premier gehat.

Dës Fro stellt sech natierlech, well rezent d’LSAP Fraktiounspresidentin Taina Bofferding op enger Pressekonferenz gewëss Undeitunge gemaach huet. Si hat konkreet d’Fro opgeworf, ob d’CSV-DP-Regierung d’Pensiounsdiskussioun wäert iwwerstoen, an ob aktuell Ministeren net op eemol méi séier an der Pensioun wäerte sinn, wéi hinne léif wier.

D’Martine Deprez ka mat deenen Aussoe wéineg ufänken.

“Ech weess net, mat wiem datt d'Madamm geschwat huet, mee mat mir huet si net geschwat. Ech weess net, ob si mam Premier geschwat huet. Also ech weess net, ob wat si do undeit.”

play_arrow Lauschteren