Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ubau vu genmanipuléierte Planzen an der EU: Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg appelléiert un d'Ministesch

Kritik un neier Reegelung

Ubau vu genmanipuléierte Planzen an der EU: Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg appelléiert un d'Ministesch

D‘Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg kritiséiert, datt an Zukunft an der Europäescher Unioun Planzen, déi mat neie Gentechnike manipuléiert goufen, ugebaut a vermaart kënne ginn.

auto_stories

1 min

Gentechnik | © Erwan Hesry / Unsplash
Gentechnik (Foto: Erwan Hesry / Unsplash)

D‘EU-Memberstaaten si sech Enn d‘lescht Woch doriwwer eens ginn. Mee déi nei Reegele géife grouss Risike fir déi biologesch Landwirtschaft mat sech bréngen, well sougenannt NGT-Planzen sech onkontrolléiert kënnen ausbreeden an deemno Bio-Fläche kéinte verknaschten, heescht et am Communiqué.

Appell un d'Martine Hansen

Ouni kloer Kennzeechnung a Réckverfollgung vun NGT-Produite wier et fir Bio-Betriber deemno ëmmer méi schwiereg fir ze garantéieren, datt hir Produite reng biologesch sinn. D‘Biovereenegung appelléiert dofir un d‘Landwirtschaftsministesch Martine Hansen, sech dofir anzesetzen, datt och an Zukunft Baueren ouni Gentechnik solle schaffe kënnen, an dat ouni zousätzlechen Opwand a finanziell Belaaschtungen.