Op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP hat den Inneminister Léon Gloden geäntwert, datt Flüchtlingszentere baussent der EU fir refuséiert Demandeur-d’asilen eng pertinent Pist wieren.
Liz Braz: Retour vu Flüchtlingen immens käschtenopwenneg
D’LSAP-Deputéiert Liz Braz weist sech am 100,7-Interview erstaunt vun där neier Astellung vun der Regierung. Virun allem, well d’CSV bei den Europawalen de Walprogramm vun der Europäescher Vollekspartei net matgedroen hätt, genee eebe wéinst deem Modell.
"Dat ass e Modell, deen een esou net kann akzeptéieren, dee mech iwwerrascht, dass dat elo esou séier ëmgeschloen ass an ech denken, datt et do vill aner Léisunge gi wäert, déi een hätt misse prioritiséieren."
Fir d’Liz Braz ass dee Modell fir Flüchtlingen eraus aus der EU ze schécken net d’Léisung fir d’Problemer an der Migratiounspolitik.
"D’Migratiounspolitik, déi besteet notamment doduerch, datt mir extreem onsécher Fluchtweeër hu fir déi Leit, datt mir doduerch eng gewëssen illegal Migratioun fërderen, datt mir extreem lues Prozeduren hunn, wann déi Leit bis bei eis sinn, an datt mir och duerno keng gutt Weeër vun der Integratioun hunn, déi mir Flüchtlinge kënne proposéieren."
Leit, déi zu Lëtzebuerg oder an aneren EU-Länner ukommen, nees mam Fliger erauszeschécken, wier en immens käschtenopwennege Wee, dee wéineg Resultater wäert bréngen, esou nach d’LSAP-Deputéiert.
Net ausgeschloss, datt et zu engem Accord mat engem Drëttland kënnt
Dem CSV-Inneminister seng Positioun wier am Aklang mam Regierungsplang, seet den DP-Deputéierte Gusty Graas aus der zoustänneger Chamberkommissioun.
"Soudatt vu menger Säit aus am Fong geholl hei déi Aschätzung ka gedeelt ginn."
Fir de Koalitiounspartner DP wier et wichteg, eng global Eenheet um europäesche Plang ze erreechen.
A senger Äntwert stellt den Inneminister och kloer, datt fir den Ament d’Regierung net géif envisagéieren, een Accord mat engem Drëttland anzegoen. Esouwuel d’LSAP, wéi och den DP-Deputéierte Gusty Graas gesinn an där Ausso awer d’Méiglechkeet, datt d’Regierung an Zukunft esou Accorde kéint agoen.
"Also ech interpretéieren dat esou an et steet jo och do à ce stade an der Äntwert, datt et net ausgeschloss ass, datt och Lëtzebuerg mat engem Pays tiers esou en Ofkommes oder en Arrangement ofschléisst."
D’Propos vun der EU-Kommissioun fir Flüchtlinge méi einfach aus der EU auszeweisen, muss nach vum Europäesche Parlament an den EU-Memberlänner ugeholl ginn. Wéi dat ausgeet, ass also nach net gewosst.