An déi Kooperatioun, déi d’Beneluxlänner zënter Joerzéngten am Alldag liewen, erlaabt et de Betriber, iwwer d'Grenzen ewech ze schaffen, d’Ekonomien ze entwéckelen, oder och d’Kriminalitéit ze bekämpfen, gouf vun de Premierministeren aus de Beneluxlänner ënnerstrach.
Theema Grenzkontrollen
Eng fräi Zirkulatioun wier duerchaus och ouni Grenzkontrolle méiglech.
Um Sommet waren awer och d’Vertrieder vun der franséischer Regioun "Hauts de France" an Nordrhein-Westfalen mat derbäi, déi mat um Dësch souze fir iwwer eng regional a grenziwwerschreidend Kooperatioun ze diskutéieren.
De Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen, deen op de Benelux-Sommet invitéiert gi war, huet virun der Press awer erkläert, firwat Däitschland awer d’Grenzkontrolle bräicht.
"Et sollt net néideg sinn, mee et ass néideg, well d’Kontrollen un den externe Grenze vun der EU net genuch sinn. Et ass also eng Fro vun der Zäit, a mir brauchen Zäit, fir déi extern Grenzen ze schützen."
Luc Frieden: "Benelux-Sommet ass zum idealen Zäitpunkt komm"
Benelux wier déi Allianz, déi sech a Richtung Integratioun weiderentwéckelt, an déi bräicht een an Europa, betount de Bart de Wever, belsche Premierminister.
"Déi multilateral Welt steet ënner Drock, an et gëtt e Konsens, dee sech ganz séier entwéckelt, datt mir musse reagéieren, an datt déi eenzeg vernënfteg Äntwert weider Integratioun ass, nach méi europäesch Eenheet. Geschichtlech gesinn huet de Benelux de Wee gewisen zur Integratioun. Mir hu Schenge gemaach, ier et iwwerhaapt Schenge gouf."
Dominéiert hunn um Benelux-Sommet och Sujeten aus der Aktualitéit, mat de russeschen Dronen, déi op polneschen Territoire gefall sinn, der Situatioun ëm d’Ukrain a Gaza. An de Benelux-Sommet wier zum idealen Zäitpunkt komm, ënnersträicht de Premier Luc Frieden.
"Wou mir a Gaza eng terribel Situatioun hunn. Dir hutt gesinn, wat gëschter am Katar geschitt ass. Eng terribel Situatioun an der Ukrain zënter Joren. An duerfir mengen ech ass et wichteg, datt mir zesumme stinn an och vläicht zesumme kucken, Projeten ze maachen am Beräich vun der Sécherheet, mee och zesumme kucken, wéi mir dat an der Vergaangenheet gemaach hunn, fir och vläicht an der Ekonomie an der Energie zesummeschaffen."
An enger gemeinsamer Deklaratioun vun den dräi Beneluxlänner gëtt festgehalen, datt ee gemeinsam wéilt Projeten op d’Bee stelle fir der Ukrain kënnen ze hëllefen. Ënner anerem gouf och konkret driwwer diskutéiert fir gemeinsam Militärequipementer anzekafen, déi een der Ukrain kéint zur Verfügung stellen.