De Mouvement Ecologique kritiséiert als Member vu Friends of the Earth Europe de Pouvoir vun internationale Schidsgeriichter, déi kënnen iwwer vereenzelte bilateral Accorden dozou féieren, datt Geschäftsleit EU-Staate verkloen.
Konkret ginn zéng esou Fäll genannt, an engem ass och Lëtzebuerg betraff.
Fuerderung vu 16 Milliarden US-Dollar
De russeschen Oligarch Mikhaïl Fridman verlaangt vu Lëtzebuerg 16 Milliarden Dollar well säi Kapital zu Lëtzebuerg wéinst de Sanktiounen agefruer ass.
“Mir gi vun engem Oligarch wéinst ergraffene Sanktiounen am Krich vu Russland géint d’Ukrain op 16 Milliarden Dollar verklot“, esou d’Presidentin vum Mouvement Blanche Weber.
Et wier net auszedenken, wat op de Lëtzebuerger Steierzueler géif duerkommen, wa Lëtzebuerg an dëser Affär géif verurteelt ginn, esou de Mouvement Ecologique.
De Mechanismus vun de Schidsgeriichter géif dozou féieren, datt eng europäesch Politik zum Beispill am Klimaschutz géif erschwéiert an deelweis ënnergruewe kéint ginn, stellt d’Organisatioun fest.