Fir op d’Elektromobilitéit ëmzeklammen ass virgesinn, datt vun 2035 un an der EU keng nei Autoe mat Bensinns- oder Diesel-Motore méi däerfen zougelooss ginn.
An engem interview mam Sender ntv sot den däitsche Kanzler, hi wéilt sech op europäeschem Niveau dofir asetzen, datt och no 2035 nach Gefierer mat Verbrennungsmotoren dierfte gebaut ginn.
Hie wéilt net, datt Däitschland zu deene Länner gehéiert, déi un dësem „falsche Verbuet“ festhalen, esou de Friedrich Merz.
Dësen Donneschdeg ass am Kanzleramt zu Berlin ee sougenannten “Autossommet”.