arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mercosur-Accord: Skepsis bei den Deputéierten

Landwirtschaft

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Mercosur-Accord: Skepsis bei den Deputéierten

Wat d’Ëmsetze vum Mercosur-Accord ugeet, weise sech d’ADR an déi gréng kritesch, och wann et elo nei Sécherheetsgarantië géif ginn, déi beispillsweis d’Benotze vu Pestiziden an de Partnerlänner solle méi streng reglementéieren.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Och den DP-Deputéierte Gusty Graas hat no der Sëtzung vun der Landwirtschafts-, der Wirtschafts-, an der aussepolitescher Kommissioun an der Chamber um Donneschdegmoien nach e puer Bedenken. 

D’Ëmsetzung vum Mercosur-Accord tëscht der EU an Argentinien, Brasilien, Paraguay an Uruguay, dierft net zu enger Verschlechterung a verschidde Beräicher féieren, esou den DP-President vun der aussepolitescher Kommissioun, de Gusty Graas no der Sëtzung.

"Ech denken natierlech virun allem un den Ëmweltschutz. Ech denken och virun allem, datt d'Krittäre vum Paräisser Ofkommes musse respektéiert ginn. Dat war ëmmer d'Fuerderung. Net nëmme vu Lëtzebuerg, mee och vun der Europäescher Unioun. Et ka jo net sinn, datt mir elo Produiten importéieren, déi jo u sech ënner méi schlechte Konditiounen hiergestallt gi wéi an Europa."

Hie wéist sech awer optimistesch, datt d’Regierung dee Punkt kloer wäert verdeedegen.

Alexandra Schoos: "Pabeier ass gedëlleg"

Zu Lëtzebuerg hat de Premier Luc Frieden am Mee a senger Ried zur Lag vun der Natioun kloer gestallt, datt d’Regierung prett wier, den Handelsaccord mat dem Mercosur mat ze ënnerschreiwen.

Méi kritesch war iwwerdeems d’ADR-Deputéiert Alexandra Schoos.

"Ech soe mol Kontrollen, déi mir hei maachen, wa mir iwwer Réckstand, Pestiziden, Antibiotiquen a sou weider schwätzen, dat kann een eis am Labo noweisen. Mee wéi gesäit et aus mat der Deforestatioun, mat de Mënscherechter? Jo, si fëlle vläicht e Certificat aus, mee Pabeier ass gedëlleg, dat wësse mir alleguer."

Sam Tanson: Och d'Mënscherechter dierfen net vergiess ginn

Déi selwecht Fro stellt och déi gréng Deputéiert Sam Tanson: Et wier nach net kloer, wéi d’Kontrolle vun importéierte Produite géifen an der Praxis ausgesinn.

"Et ass awer genau esou wichteg, dass dat net au détriment geschitt zu Reegelen, déi mir elo laang eis erkämpft hunn hei an Europa, fir d'Protektioun vum Klima, fir d'Protektioun vun der Natur, vun der Biodiversitéit, mee och vun de Mënscherechter, vun de Konditioune vun de Leit, déi schaffen."

An der gemeinsamer Sëtzung haut um Donneschdeg gouf iwwerdeems festgehalen, datt den Dossier vun elo u just nach an der aussepolitescher Kommissioun wäert diskutéiert ginn.

play_arrow Lauschteren