arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréng Luucht fir Finanzhëllefe fir de Bau vun Zärenhaiser

Chamber

|
headphones

1 min

Gréng Luucht fir Finanzhëllefe fir de Bau vun Zärenhaiser

Mat 54 Jo-Stëmme bei 6 Enthalungen huet d’Chamber de Gesetzprojet iwwer Finanzhëllefe fir de Bau vun Zärenhaiser fir Uebst a Geméis guttgeheescht. Domat soll déi national Produktioun gestäerkt ginn: Bis ewell gëtt nämlech manner wéi 1 Prozent Uebst a Geméis hei am Land produzéiert.

headphones

1 min

Zären | © Bigstock/Adil Celebiyev
Zären (Foto: Bigstock/Adil Celebiyev)

Dem CSV-Rapporteur Jeff Boonen no hätt d’Entwécklung vu sou enger Filière Virdeeler. Ënner anerem, datt ee manner ofhängeg wier vun anere Regiounen.

D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen huet donieft vun enger Demande vun zum Beispill Klinicken no esou Uebst a Geméis geschwat. Zu de Krittäre sot d’CSV-Politikerin, datt et "économiquement viable" muss sinn, fir datt een d’Sue kritt.

"A wann een dat da bis erfëllt huet an et si méi Demanden do, da kommen d’Nohaltegkeetskrittären. Mir wäerten déi sécherlech nach bei der Ausschreiwung nach eng Kéier méi preziséieren. Ech mengen, d’Waasser ass wichteg, den Energiekonsum ass wichteg, d’Gestioun vun de Produktiounsmëttelen ass wichteg."

D’Martine Hansen hofft, déi Enn dës Joers kënnen ze maachen. Déi budgetär Enveloppe fir esou Zärenhaiser beleeft sech iwwregens op 20 Milliounen Euro.