D’Landwirtschaftsministerin Martine Hansen (CSV) huet op eis Nofro hi confirméiert, datt am EU-Budget fir d’Joren 2028 bis 2034 am Total 246 Milliounen Euro virgesi sinn. D’Lëtzebuerger Wort hat dat esou gemellt.
Am aktuellen EU-Budget, deen nach bis 2027 gëllt, waren 21 Millioune manner fir d’Lëtzebuerger Bauere virgesinn.
"Manner Sue wéi déi, déi mir garantéiert kritt hunn"
Trotzdeem hätt d’Ministerin sech fir d’Zukunft méi Suen erwaart. Si weess och nach net genee, ob net nach weider EU-Gelder un d’Lëtzebuerger Landwirtschaft kënne goen.
“Dat sinn definitiv dann awer manner Suen, wéi déi, déi mir elo garantéiert kritt hunn. Do ass jo dann dat grousst Dëppen, wou mir dann och nach kënne Suen erauskréien, wou mir awer elo nach net genau wësse wéi. (...) Fir eis ass et wichteg, datt mir eng staark Agrarpolitik hunn, well mir hätte gären d'Liewensmëttelsouveränitéit an Europa. Also musse mir eis Baueren ënnerstëtzen. An dofir brauche mir och Suen.”
Et wier iwwerdeems nach ze fréi fir ze soen, wéi vill Suen de Lëtzebuerger Staat nach do drop kéint leeën, esou d’Ministerin Martine Hansen. Déi Diskussioune géifen elo réischt ufänken.