Radioen

On air

9 bis 1  |  Japanese Breakfast - Honey Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Hansen: Mir brauche genomesch Technologie fir op de Klimawandel ze reagéieren

Landwirtschaft

Martine Hansen: Mir brauche genomesch Technologie fir op de Klimawandel ze reagéieren

Et géif kee Wee dolaanscht féieren, an der Landwirtschaft op Gentechnik zeréckzegräifen, seet d'Landwirtschaftsministerin Martine Hansen am 100,7-Interview. Zu Bréissel gëtt aktuell doriwwer verhandelt, ob nei Gentechnike solle kënnen ageféiert ginn oder net.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow

Wann et enger Rei Memberstaate-Länner a virun allem de gréissten Agro-Konzerner nogeet, sollen zwou Zorte vun neien, sougenannte genomeschen Techniken erlaabt ginn. 

Bei enger Method gi bis zu 20 Plazen am Ierfgutt vun enger Planz manipuléiert. D'Martine Hansen erkläert, datt dat och haut schonn duerch Ziichtung an iwwer cheemesch Agrëffer gemaach gëtt. Mat dëser Method, der sougenannter NGT1, geet dee Prozess, méi séier. An der Natur kéim dat och vir, dat géif awer vill méi laang daueren. Mat NGT1 kéint een dee Virgang beschleunegen.

Séier op de Klimawandel reagéieren

Et géif engem och erlaben, manner op Planzeschutzmëttel zeréckzegräifen, esou d'Landwirtschaftsministerin. 

"Et ass extreem wichteg, datt mi kënne séier op de Klimawandel reagéieren. An et ass extreem wichteg, fir datt mir eise Planzeschutzmëttelasaz reduzéiert kréien."

Et kéint een och net vu Kompetitivitéit schwätzen an dann der Landwirtschaft "Handschellen undoen". Och an anere Länner, ënner anerem Groussbritannien, wier et schonn erlaabt. 

Bei der zweeter Method gëtt friemt Ierfgutt benotzt. Lëtzebuerg hätt do gefuerdert, datt d'Länner dat solle verbidde kënnen, esou nach d'Martine Hansen.

Lauschterenplay_arrow